arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Andy Burnham: "Brexit hätt Groussbritannie méi Schlechtes wéi Guddes bruecht"

Groussbritannien

|
reading time

2 min

Andy Burnham: "Brexit hätt Groussbritannie méi Schlechtes wéi Guddes bruecht"

De brittesche Premier Andy Burnham wëllt déi momentan Relatioune mat der Europäescher Unioun iwwerdenken. Dat huet hien op der traditioneller Joresried vum Labour-Kongressdag annoncéiert. London hat nom Brexit-Referendum 2016 d'EU 2021 offiziell verlooss.

reading time

2 min

© picture alliance/dpa | Michael Kappeler
(Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler)

De Brexit hätt Groussbritannie méi Schlechtes wéi Guddes bruecht, esou dem Andy Burnham seng Wierder um Kongress-Dag vu senger Partei, der Labour Party.

Et kéint een en neit Joerzéngt awer net d'selwecht ufänke wéi dat d'lescht. De Labour-Premier wëllt domat en neit Kapitel opschloen.

Neit Kapitel fir Groussbritannien

Verschiddenen Etüden no wier zënter dem Brexit de PIB op der brittescher Insel pro Kapp ëm 6 bis 8 Prozent gefall. 

D'Britten hätte verschidden Optioune wat d'Relatioune mat Bréissel ugeet. England kéint och nees Member an der Europäescher Unioun ginn, esou den Andy Burnham.

Hie wëllt déi verschidden Optioune méi am Detail um Brittesch-Europäesche Sommet diskutéieren. E genauen Datum steet nach net fest. De Sommet soll awer nach virun Enn dës Jores sinn.

Rietspartei huet trotz Brexit weider Succès 

Wat de Brexit ugeet ginn d'Meenungen an England ëmmer nach wäit auserneen. Grad de rietse Fligel, deen notamment och massiv Stëmmung fir den Austrëtt aus der Europäescher Unioun gemaach hat, wëllt d'Konsequenzen net agesinn.

D'Partei "Reform UK" vum Nigel Farage (deemools UKIP) huet zënter dem Brexit trotzdeem massiv un Zoulaf gewonnen.

70 Prozent vun de Wieler:innen an England wieren awer fir d'Rëm-Ophuele vun de Relatioune mat der EU. Dat geet aus enger rezenter Meenungs-Ëmfro ervir. 

© EPA/TAYFUN SALCI
(Foto: EPA/TAYFUN SALCI)

Macron reagéiert mat: Kommt zréck!

"Welcome back“, mat deene Wieder huet de franséische President Emmanuel Macron op d‘Aussoe vum brittesche Premier Andy Burnham reagéiert. 

De franséische President Emmanuel Macron sot op enger Pressekonferenz zu Madrid, datt wann d‘Britte wéilte rëm zréck an d‘EU kommen, da wier dat eng gutt Nouvelle fir Groussbritannien a fir d‘EU.