Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Maribou State - Otherside Feat. Holly Walker

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ André Lutgen zu Onrecht wéinst Magistratsbeleidegung verurteelt

Europäesche Mënscherechtshaff

André Lutgen zu Onrecht wéinst Magistratsbeleidegung verurteelt

D’Lëtzebuerger Justiz huet den André Lutgen zu Onrecht wéinst Magistratsbeleidegung verurteelt: Dat huet den Europäesche Mënscherechtshaff elo an engem Urteel festgehalen.

auto_stories

1 min

André Lutgen (an der Mëtt) (Foto: Archiv)

Fir d’Stroossbuerger Riichtere louch an dësem Fall eng Violatioun vum Affekot senger Meenungsfräiheet vir. 

Den André Lutgen hat 2019, am Zesummenhank mat engem déidlechen Accident bei ArcelorMittal Déifferdeng en E-mail un een Untersuchungsriichter an un déi deemoleg Justiz- a Wirtschaftsministere Felix Braz an Étienne Schneider geschriwwen. Mat a Kopie d'Procureure générale d’État, d'Martine Solovieff.

Wéinst Aussoen an där E-mail, géint de Riichter, war den Affekot doropshin zu enger Geldstrof condamnéiert ginn. Dat wieren Aussoe gewiescht, déi dem Europäesche Mënscherechtshaff no, allerdéngs net ënnert d’Strofrecht falen.