Am Bundesstaat Texas gëtt et eng reegelrecht Riedelewell mat bis elo 124 Infektiounsfäll, an der Haaptsaach Kanner.
Wou genee d‘Eischtinfektioun war, ass net gewosst. De Gesondheetsminister Robert F. Kennedy Jr., deen Impfunge reegelméisseg kritiséiert hat, huet elo erkläert, seng Administratioun géif den Ausbroch genee verfollegen.