Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ampacet-Streik dee längsten zanter bal 30 Joer hei am Land

12. Streikdag

Ampacet-Streik dee längsten zanter bal 30 Joer hei am Land

De Streik bei Ampacet dauert an Tëschenzäit zwielef Deeg, esou laang wéi zanter bal 30 Joer kee Streik méi gedauert huet, deelt haut den OGBL mat. 1995 haten d‘Plätterchersleeër hei am Land ganzer 28 Deeg d‘Aarbecht néiergeluecht. 2018 gouf et e längere Streik an de Fleegeheemer, deen hat awer just eelef Deeg gedauert.

auto_stories

1 min

© Chambre des députés
Foto: Chambre des députés

D‘Direktioun géif sech awer weiderhin a Schweigen hüllen, heescht et am Presseschreiwes. Eenzeg d‘Personaldelegatioun wier invitéiert ginn, fir iwwer de Plan d‘organisation du travail ze schwätzen, ouni Presenz vun der Gewerkschaft. Dat hätt d‘Delegatioun awer refuséiert, d‘ITM wier avertéiert ginn.

D‘Entreprise géif wéi et schéngt och probéiere fir ganz séier neit Personal anzestellen. Wann domat déi Salariéen ersat sollte ginn, déi den Ament streiken, géif se sech an der totaler Illegalitéit beweegen an den OGBL géif appropriéiert dorop reagéieren, ass et d‘Warnung.

Et géif een sech op e laange Streik astellen, wann néideg och bis no Chrëschtdag.