arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Amoklaf am Süde vun der Tierkei: Bilan klëmmt op 9 Doudeger

Tierkei

|
reading time

1 min

Amoklaf am Süde vun der Tierkei: Bilan klëmmt op 9 Doudeger

Et gouf op en Neits eng Schéisserei an enger Schoul an der Tierkei. Dobäi sinn dem neiste Bilan no, 9 Mënschen ëm d'Liewe komm, dorënner och Schüler. 13 weider Mënsche si blesséiert ginn, 6 dovu schwéier.

reading time

1 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Udo Herrmann
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Udo Herrmann)

D'Attack war an enger Schoul am Süde vun der Tierkei. Den Täter wier mat de Waffen, déi warscheinlech sengem Papp gehéieren, am Rucksak an d'Schoul komm, esou de Gouverneur. Eng Enquête leeft. 

Eréischt gëschter ware bei engem Amoklaf am Lycée am Oste vum Land 16 Mënsche blesséiert ginn. Den 19 Joer alen Täter huet sech no der Dot selwer erschoss.