Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Tocotronic - Der Tod ist nur ein Traum

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Amerikaneschen Acteur Gene Hackman ass dout

am alter vun 95 Joer

Amerikaneschen Acteur Gene Hackman ass dout

Den Gene Hackman ass dout. Den amerikaneschen Acteur ass elo am Alter vu 95 Joer dout a sengem Haus zu Santa Fee zu New Mexiko op fonnt ginn. Mat him ass och seng Fra Betsy Arakawa, eng klassesch Pianistin gestuerwen. Si ass 63 Joer al ginn.

auto_stories

2 min

Gene Hackman am Film "Die Firma" | © picture-alliance / dpa | dpa-Film
Gene Hackman am Film "Die Firma" (Foto: picture-alliance / dpa | dpa-Film)

Den Gene Hackmann huet an engen 100 Filmer gespillt an eng grouss Karriär zu Hollywood gemaach. Ënner anerem war hien an “The Royal Tenenbaums” oder “The Conversation” ze gesinn. Zweemol hat hien en Oskar gewonnen. Dat fir säin Optrëtt am Film “The French Connection” vun 1971 a fir “Unforgiven” engem Western vum Clint Eastwood vun 1992.

Den Gene Hackman war 1930 als Eugene Alden Hackman a Kalifornie gebuer ginn. Mat 16 Joer schonn hat hie senger Famill de Réck gekéiert fir bei d’Marines ze goen. No 3 Joer Arméi goung en op New York, wou e sech mat allméigleche Jobs iwwer Waasser gehal huet, als Schong-Verkeefer, Barman, Brute-an-der-Dir-virun-Discoen, asw.

Fir net säi Liewe laang op deem sozialen Treppléck stoen ze bleiwen, huet e vun der Méiglechkeet profitéiert, fir als fréieren Zaldot Universitéitscoure kënnen ze huelen a fir Journalist an Televisiouns-Assistent studéiert.

Mat 30 säin Dram verwierklecht 

Den Hackman war schonn iwwer 30,  wéi en endlech decidéiert huet, säin Dram ze verwierklechen. Ufank de 60er Joren huet hien sech an enger Schauspill-Schoul ageschriwwen.

No senger Formatioun goung et zréck op New York. Den Gene Hackmann hien huet probéiert kleng Rollen am Theater ze ergatteren. 

Markant Gesiicht 

Hien ass dunn iergendwann mat sengem net alldeegleche Gesicht opgefall a krut éischt Rolle beim Film. Bekannt gouf hie schliisslech an der Nieweroll vum Clyde sengem Brudder am Film „Bonnie and Clyde" vun 1967.

Am beschten huet den Gene Hackman déi Personnagë verkierpert, déi verléieren, déi Onrecht kréien, déi an d’Fal trëllen an deenen d’Fiëdem aus den Hänn rutschen.

Och aner Genrë louchen ëm: fir säin Optrëtt an "The Royal Tenenbaums" vun 2002 krut hien e Golden Globe als beschten Acteur an enger Komedie. 

Zenter 2004 war den Hackmann net méi um groussen Ecran. Deemools hat hie fonnt, et géif elo duergoen.