D‘Leit ginn op d‘Strooss fir géint d‘Verréckele vun de Presidentewalen an d‘Verlängerung vum Mandat vum aktuelle Staatschef Macky Sall ze protestéieren. Op d‘mannst dräi Jonker wiere bei de Manifestatioune bis elo ëm d‘Liewe komm an iwwer 260 Persoune festgeholl ginn, dat huet den Haut-Commissariat vun der UNO fir d‘Mënscherechter zu Genf matgedeelt a sech ganz besuergt iwwert di aktuell Situatioun am Senegal gewisen.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Am Senegal spëtzt d‘Kris sech weider zou
Ënnerdrécke vun der Populatioun
Am Senegal spëtzt d‘Kris sech weider zou
D‘Autoritéiten hunn e Protestmarsch verbueden, dee fir haut geplangt war. An och den Internet op den Handye gouf suspendéiert, domat sinn déi sozial Reseauen ënnerbrach.
auto_stories
1 min