Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Greyboy Feat. Sharon Jones - Got To Be A Love (Paul Nice Remix

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Militär an Hëllefsequippe kommen eréischt no an no a méi ofgeleeën Dierfer

Nom Äerdbiewen am Marokko

Militär an Hëllefsequippe kommen eréischt no an no a méi ofgeleeën Dierfer

A Marokko gëtt weider intensiv no Iwwerliewenden vun der Äerdbiewekatastroph gesicht. D'Leit hu schonn di drëtt Nuecht hannerteneen mussen am Fräie schlofen, et ginn ëmmer nach Nobiewe gefaart.

auto_stories

1 min

Dat marokkanescht Militär an auslännesch Hëllefsequippe kommen eréischt no an no an méi ofgeleeënen Biergdierfer. Beim Biewen mat enger Stäerkt vu 6,8 e Freiden den Owend waren iwwer 2.000 Leit ëm d‘Liewe komm, ronn 2.400 goufe blesséiert. Marokko huet bis elo just international Hëllef aus Spuenien, Groussbritannien, dem Katar an de Vereenegten arabesch Emiraten ugeholl.