Am Lycée Ermesinde dierfe vun dësem Schouljoer un, keng privat Handyen an der Schoul benotzt ginn. D'Tammy Muller, Directrice Adjointe vum Lycée, wëll awer net vun engem Verbuet schwätzen. Et géif sech heibäi éischter ëm eng digital Strategie handelen erkläert si.
Digital Apparater wieren och net komplett aus dem Unterrecht verbannt ginn, betount si. A verschiddene Coursen, géif den Asaz vun digitalen Apparater absolut Sënn maachen a weider gefouert ginn. Do géif Material agesat ginn, dat an enge, Grupp vum Lycée géif recycléiert gëtt. Doduerch géifen d‘Schüler och op d‘Nohaltegkeetskomponent am Digitale Beräich opmierksam gemaach ginn.
Diskussioun ureegen
Dës Moossnam wier net als Konsequenz vu grousse Problemer am Lycée Ermesinde entstanen, ënnersträicht d‘Tammy Müller. Et hätt ee just bedauert, datt Leit wa se zum Beispill am Café vun der Schoul géife sëtzen, sech net austauschen, mee direkt den Handy géife raushuelen.
Et géif drëms goen, mat deene Jonke gesellschaftsrelevant Themen am Zesummenhank mat digitale Medien ze beschwätzen.
Bei de Schüler wier een do och op Widderstand gestouss, deen d‘Tammy Müller awer als eng „perfekt Geleeënheet“ gesäit fir d‘Diskussioun unzereegen.
Kollektiv Recherche fërderen
D‘Directrice Adjointe betount och, datt den Ermesinde eng Ganzdagsschoul ass, déi vum Austausch an der Recherche géif liewen. Zwar wier mam Handy vill Weltwëssen direkt accessibel, mee d‘Garantie datt ee sech op d‘Quelle verloosse kann, wieren dacks net ginn. Dofir géifen an de Schoulklasse fest Apparater placéiert ginn, un deenen d‘Schüler zesumme léiere kënnen, ze recherchéieren,
Vun den Eltere wier positive Feedback komm. Dacks géife schonn Doheem Problemer bestoen, déi an der Schoul opgeschaftt kéinte ginn.
Fir d'éischt Skepsis mee dann...
De President vun der nationaler Elterevertriedung Alain Massen krut seng éischt Informatiounen zu dëse Moossnamen iwwer d‘Press. Deemools wier vill vu Verbuet geschwat ginn, wat fir hien eng Zort Ohnmachtsgefill vermëttelt hätt.
Elo géif hien d‘Konzept vum Lycée Ermesinde awer begréissen. Et géif nach vill Problemer am Ëmgank mat digitalen Apparater bestoen an Erwuessener géifen dacks mam falsche Beispill vir goen.
E gesellschaftlechen Effort
Dofir wier et gutt, datt de Konsum op d‘mannst an der Schoul géif reguléiert ginn, och wann den Alain Massen fënnt, datt dat ee ganze gesellschaftlechen Effort misst sinn.
Als Elterevertriedung heescht et elo ofzewaarden wéi sech dat weider entwéckelt. Natierlech géif ëmmer d‘Suerg bestoen, datt d‘Schüler e Wee fannen ze fuddelen. Dat wier awer mënschlech, fënnt den Alain Massen.