Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Zaho De Sagazan - Aspiration

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Am Charles Dickens sengem "A Christmas Carol" stécht vill humanistesch Weisheet

Fräie Mikro

Am Charles Dickens sengem "A Christmas Carol" stécht vill humanistesch Weisheet

Den Charles Dickens huet am 19. Joerhonnert eng Novelle verfaasst, mat där hie seng Zäitgenossen zum Nodenke brénge wollt. “A Christmas Carol” zielt vun engem granzegen, knéckegen a kalhäerzege Geschäftsmann a senger plëtzlecher Transformatioun. Wéi eng Léiere kënne mer aus där Novelle fir eis haiteg Zäit zéien? Iwwerleeungen dozou vum Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Ech hunn dem Charles Dickens seng Novelle iwwer d’Feierdeeg entdeckt, well mäi Bouf se fir d’Schoul ze liesen hat a mir opgefall ass, datt ech mech nach ni domadder beschäftegt hat. Ech mengen, ech hat dat Buch bis elo einfach lénks léie gelooss, well ech gemengt hat, et géif ëm ee kitschegt Chrëschtdagslidd goen.
Lo sinn ech frou entdeckt ze hunn, ëm wat et wierklech geet, an datt ech mat oppenem Geescht un d’Saach rugaange sinn, ouni déi ganz Gespenster a Geeschter wuertwiertlech ze huelen.

Den Dickens verzielt d’Geschicht vun engem gewësse Mr. Scrooge, engem kalhäerzegen, knéckegen a verbatterte Businessman, deen op eng fantastesch Rees geet, op där hien, geleet vun de Geeschter vum Christmas Past, Present, and Yet to Come, sech senger Vergaangenheet a sengen emotionale Wonne stellt, sech d’Fro stellt wat hie mat der verbleiwender Zäit ufänke wëll a sech Gedanke mécht wéi ee Vermächtnis hien hannerloosse wëll. Duerch dës Konfrontatioun kënnt hien zur Erkenntnis, datt Geld net alles am Liewen ass, an datt hie vill méi frou a glécklech wier wann hien – nees – déif emotional Verbindunge mat anere Mënschen agoe géif a säi Räichtum mat hinnen deele géif.

Ech denken,déi Geschicht geet wäit iwwer d’Verännerung vun enger miseraabler Figur raus. Si wéist eis, datt Mënsche fäeg sinn, nozedenken a sech ze änneren. An et geet net just drëms sech vu knéckeg op generéis ze verwandelen. Et geet drëms, seng Weltuschauung déifgräifend ze veränneren, woubäi ee sech nees verbënnt mat deem, wat et bedeit, Mënsch ze sinn.

Fir mech steet dem Mr. Scrooch seng Metamorphos awer och stellvertriedend fir ee gesellschaftleche Prozess, wou et net just drëms geet, datt deen Eenzelnen seng Nächsteléift a Waarmhäerzegkeet entdeckt, mee wou et drëms geet, d’Gläichgültegkeet vis-à-vis vun Ongerechtegkeeten ofzesträifen an zesummen d’strukturell Ursaachen dovunner unzegoen. Wat notzt et fir baarmhäerzeg Almosen ze spenden, fir datt den Tiny Tim nees gesond soll ginn, wa mir hie weiderhin an enger vergëftener Ëmwelt opwuesse loossen, déi hien ëmmer nees krank mécht?

A mengen Aen luet den Dickens eis an, fir eis Wäerter a Prioritéiten ze iwwerdenken an eis d’Fro ze stellen, op eist Handelen alignéiert ass mat eisen humanistesche Prinzippien. Hie konfrontéiert eis mat de Konsequenze vu Gläichgültegkeet, Kalhäerzegkeet a Gier, a luet eis a fir eis fir Gerechtegkeet a Matgefill anzesetzen, awer net just op Chrëschtdag, mee wärend dem ganze Joer.

Lauschterenplay_arrow