arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Bedruchsfall Luxtrust gouf eng weider Persoun a Spuenie festgeholl

Bedurch

|
reading time

1 min

Am Bedruchsfall Luxtrust gouf eng weider Persoun a Spuenie festgeholl

Wéi de Parquet matdeelt, gouf de Mann mat franséischer Nationalitéit Enn Mäerz a Spuenie festgeholl. Dat an Zesummenaarbecht tëschent de lëtzebuergeschen, de spueneschen an den europäeschen zoustännegen Autoritéiten.

reading time

1 min

De Mann, deen 1992 gebuer ass, soll eng zentral Roll bei deene Phishing-Attacke gespillt hunn. 

Et war een europäeschen Haftbefeel géint hien ausgestallt ginn, an hien ass gëschter Owend u Lëtzebuerg ausgeliwwert ginn. De Moie koum hie virun den Untersuchungsriichter, deen een Haftbefeel géint de Mann ausgestallt huet. 

Enn Mäerz war, an der selwechter Affär, ee jonke Lëtzebuerger vun 22 Joer a Spuenie festgeholl ginn. An de Joren 2024 a 2025 huet de Parquet iwwer 700 Plainten erakritt wéinst esou Fraudë wéi bei Luxtrust.