arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alterslimitt fir Sozial Medien: Bis elo maachen d'EU-Länner, wat si wëllen

Sozial Medien

|
reading time

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Alterslimitt fir Sozial Medien: Bis elo maachen d'EU-Länner, wat si wëllen

Tëschent 13 a 16 Joer: EU-Länner proposéiere verschidde Gesetzer mat ënnerschiddlechen Altersgrenzen. D'EU-Kommissioun strieft weiderhin eng europäesch Léisung un. Et ass onkloer, ob dat geléngt.

reading time

4 min

headphones

5 min

play_arrow
© EPA/FAZRY ISMAIL
(Foto: EPA/FAZRY ISMAIL)

TikTok oder Instagram eréischt vu 15 oder 16 Joer un? An der EU gëtt virun doriwwer diskutéiert, ob Sozial Medien an Zukunft fir Kanner oder Jugendlecher eréischt vun engem bestëmmten Alter u sollen erlaabt sinn. Och Lëtzebuerg huet wëlles esou ee Mindestalter anzeféieren.

De Premier selwer hat dat de 16. Mee a senger Ried zur Lag vun der Natioun annoncéiert:

"Wann eng europäesch Léisung bis Enn dës Joers net a Siicht ass, maache mir dat, wéi aner Länner och, op nationalem Niveau." 

D’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen huet viru Kuerzem versprach, am Hierscht eng Propos fir eng europäesch Reegelung ze presentéieren. Ob dat allerdéngs bedeit, datt EU-wäit ee Verbuet fir Sozial Medie bis ee gewëssen Alter ageféiert soll ginn, ass nach net kloer.

Experte-Rapport recommandéiert Altersgrenz vun 13 Joer

39 Recommandatiounen hunn Experten den 13. Juli an hirem Rapport no Consultatiounen, déi dräi Méint gedauert hunn, un d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen viruginn. Hir kloer Conclusioun: D’EU muss Mesuren aféieren, fir Kanner a Jugendlecher am Netz ze schützen. 

Dozou gehéiere konkreet och Altersgrenzen.

Kanner ënner dräi Joer sollte guer net virun den Ecran oder Sozial Reseauen, heescht et am Rapport. Fir déi tëschent 3 an 13 Joer sollt et verbuede sinn, Apparater mat Accès op den Internet ouni Supervisioun ze benotzen. 

D’EU sollt eenheetlech eng Altersrestriktioun vun 13 Joer fir den Accès op Sozial Medien aféieren, esou ee vun den Auteure vun deem Rapport, de Kannerpsychiater Jorg Fegert.

Ursula von der Leyen fënnt Experterot iwwerzeegend

D’Kommissiounscheffin, déi de Sujet zur Chefsaach gemaach huet, huet dorop positiv reagéiert. Véier bis sechs Stonne géif ee Kand an Europa virum Ecran setzen, esou déi däitsch CDU-Politikerin. Iwwer d’Hallschent hätten emotional oder psychosozial Problemer an engem System, deen opgebaut gouf, ouni datt dobäi un d’Gesondheet vu Kanner geduecht gouf.

Elo muss dat nogeholl ginn, esou d’Kommissiounscheffin. 

"Mir wäerten dee Rapport genee ënnersichen an nom Summer eng Propos maachen." 

Si huet ugedeit, datt si prett ass, d’Recommandatioune vun den Experte gréisstendeels ze iwwerhuelen.

“Ech fannen déi Approche ganz iwwerzeegend”, esou hir Reaktioun.

EU-Kommissioun setzt beim Gesetz iwwer digital Plattformen un

D’Responsabilitéit ze beweisen, datt keng Gefor besteet, léich iwwerdeems bei de Plattformen, stellt Kommissiounspresidentin kloer. Nëmmen dat géing d’Dier opmaachen, fir datt déi iwwer 13 Joer kënnen op Sozial Medie goen. 

D’EU wäert net vu Bréissel aus ee Verbuet fir Sozial Medien erausginn. Dat hat allerdéngs de Kommissiounsspriecher Thomas Regnier schonn am Juni kloergestallt.

"Ee Verbuet ass net dat, wat d’Kommissioun maache wäert, well dat ass d’Kompetenz vun de Memberstaaten."

D’Kommissioun awer ass zoustänneg fir d’Reegele fir Plattformen opzestellen. Ouni déi kann eng Alterslimitt genee wéi aner Restriktiounen net duerchgesat ginn.

Memberlänner hu scho verschidden Altersgrenzen ageféiert

D’Memberlänner, déi wëlles hunn, ee Mindestalter anzeféieren, sinn also de facto drop ugewisen, datt Bréissel legiferéiert. Verschiddener hu sech op deem Gebitt scho méi konkreet wéi Lëtzebuerg engagéiert. An d’Bild, dat sech do EU-wäit presentéiert, ass alles anescht wéi eenheetlech. 

A Frankräich gouf kuerz virun der Summerpaus e Gesetz gestëmmt, dat d’Alterslimitt fir Sozial Medien op 15 Joer fixéiert. Griichenland wëllt déi Limitt och aféieren. Anerer, wéi Dänemark oder Spuenien, schwätze vu 16 Joer an erëm anerer, wéi Däitschland, vun 13 Joer. 

An Éisträich huet iwwerdeems d’Regierung rezent eng Gesetzespropos fir ee Verbuet vu Social Media fir Jugendlecher ënner 14 Joer decidéiert.

Wat seet d’Kommissioun zu deem Patchwork?

Et wier een amgaangen ze analyséieren, ob déi Gesetzespropose konform mam EU-Recht sinn, wat déi digital Plattforme reegelt, esou de Porte-parole Thomas Regnier - mat Verweis op d’Propos, déi am Hierscht komme soll. 

"Et ass eist Zil, mat alle Memberlänner un enger gemeinsamer europäescher Approche ze schaffen."

Fakt ass datt elo national Pläng fir Alterslimitten tëschent 13 a 16 Joer um Dësch leien - an et den Ament net duerno ausgesäit, wéi wann déi 27 prett wieren, zu der nämmlechter Conclusioun ze kommen.

Estland a Finnland géint ee Verbuet

Et gëtt der iwwregens och, déi carrement géint e Verbuet sinn. Virop Estland a Finnland, déi sech dofir ausgeschwat hunn amplaz vu Restriktiounen éischter d’Educatioun am Beräich vun de Medien ze verstäerken.

Alles dat wäert d’Kommissiounscheffin mat a Betruecht huelen, wa si, warscheinlech Mëtt September an hirer Ried zur Lag vun der Unioun, hir Propose presentéiert.

play_arrow Lauschteren