arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Als Coordinateur bei de Walen a Serbien: Gilles Baum seet et wier "gutt" gelaf

Europa

|
reading time

2 min

Als Coordinateur bei de Walen a Serbien: Gilles Baum seet et wier "gutt" gelaf

D’Walen a Serbie wiere gréisstendeels gutt ofgelaf, seet den DP-Deputéierte Gilles Baum. Hien war als Spezial-Coordinateur vun de Walbeobachter op der Plaz. Gréissten Deels wier de Walprozess sécher ofgelaf, viru verschiddene Wallokaler wier et awer och mol zu Streidereie voire Kläppereie komm.

reading time

2 min

Gilles Baum | © Chambre des Députés
Gilles Baum (Foto: Chambre des Députés)

Bei de Walen a Serbien hätten och maskéiert Gruppe probéiert d’Walen ze stéieren a Wallokaler ze stiermen. Hei hätt d’Police awer eng Eskalatioun verhënnere kënnen, seet de Gilles Baum, deen als Spezial-Coordinateur vun de Walbeobachter a Serbien war. 

Gréisste Baustell: Regëster vun den Awunner:innen

A senger Funktioun huet hien d’Aarbecht tëschent dem Europaparlament, dem Conseil de l’Europe an den internationale Walbeobachter vum Büro fir demokratesch Institutiounen a Mënscherechter koordinéiert. Auslännesch Walbeobachter hunn iwwerpréift ob d'Wale fair an transparent ofgelaf sinn.

"En gros muss ech soen, datt déi Wale gutt ofgelaf sinn."

Wat d'Preparatioun vun de Walen ugeet gesäit de Lëtzebuerg Politiker awer nach Loft no uewen. Et géif e Regëster ginn an deem 6,5 Millioune Leit agedroe wieren. D'Populatioun am Land léich awer just bei 5,9 Milliounen.

"Also dat ass déi gréisste Baustell un där si musse schaffen, datt si net méi Leit an engem Regëster hunn, wéi iwwerhaapt am Land wunnen."

De Gilles Baum huet de Mëtteg säi Rapport iwwer de Verlaf vun de Walen a Serbien ofginn.

Muechtwiessel a Serbien

Serbie steet no der virgezunner Parlamentswal gëschter virun engem Muechtwiessel. Déi nei oppositionell Studentelëscht huet des Wal kloer gewonnen. Den aktuelle President Aleksandar Vucic huet seng Nidderlag annoncéiert.

Zënter 2012 war den Aleksandar Vučić, a seng rietspopulistesch Serbesch Fortschrëttspartei SNS, a Serbien un der Muecht. D'Studente-Beweegung ass virun zwee Joer aus Protester géint déi autoritär Regierung vum Aleksandar Vuči entstanen.

© EPA/MARKO DJOKOVIC
(Foto: EPA/MARKO DJOKOVIC)