"Et war bal wéi op engem Maart.", esou beschreift de Jeannot Ries d'Biller vum Krisenzentrum zu Phuket an Thailand, eng Woch nom Tsunami. D'Leit hu sech géigesäiteg gehollef, et gouf Iessen ausgedeelt an alles an allem war vill lass. An der Gemeng zu Phuket houngen d'Biller vun de Leit, déi vermësst goufen.
Enorm Zerstéierung
Zu Phuket war scho vill opgeraumt. Anescht war dat op Banda Aceh op der indoneesescher Insel Sumatra. Dat war eng vun deene Stied, déi ganz no um Epizentrum louch, erzielt de Jeannot Ries.
"An do hu mer d'Fligerdier opgemaach, an do wousste mer, wat lass wier. Do huet et no Läiche geroch. Do louchen dee Moment, dat waren da siwen, aacht Deeg duerno, nach d'Läichen an de Stroossen."
Déi wieren op Camione geluecht ginn an an d'Massegriewer geféiert ginn. D'Zerstéierung war enorm, seet de Jeannot Ries.
"Du weess wat s de amgaang bass ze erliewen"
Wärenddeem wier een an enger Bull, beschreift de Journalist. Et wier engem bewosst, wat een amgaange wier ze erliewen. Markant wier fir hie virun allem d'Verschaffen, duerno, wann een zur Rou kënnt.
Hien hätt et awer relativ séier verschafft. Et géif ee villes anescht gesinn. Notamment d'Aarbecht vun de Fräiwëllegen.