Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ All you can eat: Wéi Iessen eist Liewe beaflosst

Lëtzebuerg City Musée

All you can eat: Wéi Iessen eist Liewe beaflosst

Wéi hu sech eis Iessgewunnechten entwéckelt? Wéi een Afloss wäerte Klima a Wirtschaft op d’Ernärung hunn? An zanter wéini gëtt et eigentlech e Frigo? An der neier Expo “All you can eat” am Lëtzebuerg City Musée ginn dës Froe beäntwert.

auto_stories

1 min

Foto: Kevin Nilles

Op den éischte Bléck wierkt Iesse wéi eng richteg Banalitéit, all Mënsch muss iesse fir ze iwwerliewen. De Mohamed Hamdi, Curateur vun der neier Ausstellung “All you can eat” am Lëtzebuerg City Musée an der Stad, ass do anerer Meenung. Hie gesäit méi an dësem scheinbar banalen Akt, a seng Ausstellung weist seng Siicht op de Mënsch a säin Iessen.

De Mënsch produzéiert zanter iwwer 12000 Joer säin eegent Iessen. Et ass déi eenzeg Spezies, déi Iessen ubaut, ziicht an op dës Aart a Weis konsuméiert. Dat mécht en eenzegaarteg, mee seng Gewunnechten an déi verschidde Kulturen hunn sech och ëmmer weiderentwéckelt.

A senger Ausstellung wëll de Mohamed Hamdi weisen, wéi sech d’Ernierung vum Mënsch verännert huet, wéi eng Techniken a Gadgete mat der Zäit erfonnt gi sinn, a wéi Iesskulture sech vermëschen a géigesäiteg beaflosse kënnen. D’Resultat ass eng Zäitkapsel, déi d’Errongenschaften an de Progrès, mee och d’Erausfuerderungen an d’Problemer vum Mënsch senger Ernierung beliichten. Och Trends vun haut an en Ausbléck op d’Ernierung vu muer hunn eng Plaz an der Ausstellung fonnt.