25 Prozent – also all véierte Walberechtegten huet d’Bréifwal ugefrot: 70.242 Leit musse sech net an de Walbüro déplacéieren a kënnen hir Stëmmen deemno schonn éischter ofginn. Dat ass een neie Rekord. Bei de leschte Chamberwalen louch den Undeel vun der Bréifwal mat ronn 40.000 Ufroen nach bei ronn 15 Prozent.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ All véierte Walberechtegten huet d’Bréifwal ugefrot
Nationalwalen
All véierte Walberechtegten huet d’Bréifwal ugefrot
D’Zuel vun de Wielerinnen a Wieler fir d’Chamberwale steet fest: 283.879 Leit sinn um 8.Oktober walberechtegt, esou de Staatsministère op eis Nofro hin.
auto_stories
1 min
![](/1_Foto/100komma7.lu/85810/image-thumb__85810__base_thumbnail/Br%C3%A9ifwal.e0f1ddf5.jpg)