Radioen

On air

Notturno  |  Holy Hive - Oh I Miss Her So

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ All véiert Kand zu Lëtzebuerg ass vun der Aarmut betraff

UNICEF Lëtzebuerg

All véiert Kand zu Lëtzebuerg ass vun der Aarmut betraff

All véiert Kand zu Lëtzebuerg ass vun der Aarmut betraff. Dat si ronn 30.000 Kanner. Dat geet aus engem neie Rapport vun der UNICEF Lëtzebuerg ervir.

auto_stories

1 min

© picture alliance / photothek | Ute Grabowsky
Foto: picture alliance / photothek | Ute Grabowsky

Dat, obwuel Lëtzebuerg dat Land ass, dat am Verglach zum PIB am meeschte Sue fir Familljeleeschtungen ausgëtt. Am Rapport goufen 39 EU-Länner déi zur OECD gehéiere verglach. Lëtzebuerg kënnt op déi véiertlescht Plaz.

Niewent Lëtzebuerg ass den Aarmutsrisiko bei Kanner och a Frankräich, Island, Norwegen a Groussbritannien zanter 2014 méi schlëmm ginn. Ënnert de Länner déi sech verbessert hu sinn ënnert anerem Litauen, Lettland, Polen a Slowenien.