search

/ All d'Stëmmen ausgezielt

Walen Holland

|
headphones

1 min

All d'Stëmmen ausgezielt

D'Walautoritéit an Holland huet elo och d'Bréifwal-Stëmme bekannt ginn. Um Resultat ännert näischt: Déi lénksliberal D66 Partei an hire Spëtzekandidat Rob Jetten hunn d'Wal knapp gewonnen, virun der riets-radikaler Anti-Immigratiounspartei vum Geert Wilders.

headphones

1 min

De Rob Jetten (D66) den 30. Oktober 2025 | © EPA / KOEN VAN WEEL
De Rob Jetten (D66) den 30. Oktober 2025 (Foto: EPA / KOEN VAN WEEL)

D66 krut méi Stëmmen, bei de Mandater komme béid Parteien awer op 26 vun den 150 Sëtz am Parlament. Dat definitiivt Walresultat soll e Freideg offiziell publizéiert ginn. Duerno annoncéiere sech schwiereg Koalitiounsverhandlungen. De Rob Jetten an déi lénksliberal brauchen d'Ënnerstëtzung vun dräi weidere Parteie fir eng Majoritéit am Parlament ze kréien.