A Frankräich ginn et zanter gëschter Owend Verkéierslimitatioune fir d'Camionen, déi an zäitlechen Etappe vum Weste bis an den Oste vum Land ëmgesat ginn. A verschiddenen Departementer wéi der Normandie dierfen d'Camionen zanter 20 Auer net méi fueren.
An 38 Departementer gëllt eng Vigilance orange - deen zweethéchsten Niveau - wéinst Glatäis a Schnéi. Staark betraff ass den Norden, wou d‘Schüler sollen doheem bleiwen, an d‘Leit gerode kruten, am Teletravail ze schaffen.
Déi däitsch Autoritéiten hu fir déi däitsch-lëtzebuergesch Grenzregioun hir héchst Warnstuf erausginn. A Rheinland-Pfalz an am Saarland kruten d‘Schoulen d‘Autorisatioun, den Unterrecht haut ze annuléieren.
De Flughafe vu Saarbrécken huet bis op Weideres zougemaach. Déi däitsch Bunn rechent mat gréissere Perturbatiounen. Am Saarland huet de Landtag eng Plenière vun haut ofgesot.