search

/ Ägypten dementéiert Accord mat Israel iwwer Ouverture vun der Grenz bei Rafah

Noen Osten

|
reading time

1 min

Ägypten dementéiert Accord mat Israel iwwer Ouverture vun der Grenz bei Rafah

Ägypten dementéiert, datt et mat Israel een Accord iwwer eng partiell Ouverture un der Grenz bei Rafah soll ginn. Vun Israel hat et um Mëttwochmoie geheescht, datt Palästinenser d‘Méiglechkeet solle kréien, d‘Gebitt a Richtung Ägypten ze verloossen.

reading time

1 min

Camionen vun der humanitärer Hëllef um Grenziwwergank Rafah tëschent Ägypten an der Gazasträif | © EPA/STRINGER
Camionen vun der humanitärer Hëllef um Grenziwwergank Rafah tëschent Ägypten an der Gazasträif (Foto: EPA/STRINGER)

Dës Ouverture vum Grenziwwergang sollt an Ofstëmmung mat Ägypten an der EU zustane kommen. Ee geneeën Datum dofir gouf net genannt.

Wann et zu enger Ouverture vun der Grenz zu Rafah komme sollt, dann nëmmen a béid Richtungen – a konform mam Friddensplang vum US-President Donald Trump, argumentéieren déi ägyptesch Autoritéiten.