search

/ Agence fir Medikamenter: Mataarbechter sollen ëffentlech-rechtleche Statut kréien

Gewerkschaft

|
reading time

1 min

Agence fir Medikamenter: Mataarbechter sollen ëffentlech-rechtleche Statut kréien

Wéi d‘CGFP matdeelt, hätt d‘CSV-Gesondheetsministesch sech elo bereet erkläert, de Salariée bei der geplangtener Agence fir Medikamenter a Gesondheetsproduiten dee Statut ze ginn. D'Staatsbeamte-Gewerkschaft war jo wéinst der Fuerderung op d‘Conciliaitoun gaangen. Déi Prozedur gouf elo gestoppt.

reading time

1 min

Logo CGFP | © Radio 100,7
Logo CGFP (Foto: Radio 100,7)

D‘CGFP begréisst, datt d‘Santésministesch noginn huet. D‘Gewerkschaft warnt zënter Joren, datt ëmmer méi dacks op Etablissements publics zeréckgegraff gëtt, ouni awer de Leit, déi do schaffen, de Statut ze ginn.