Enner den Nimm déi verëffentlecht goufen zirkuléieren och déi fréier Präsidente Bill Clinton a Donald Trump, allerdéngs net am Kontext mat Illegalitéiten. Och den Numm vum brittesche Prënz Andrew dierft an dësem Kontext genannt ginn. Géint hie gouf et Virwërf, et gouf awer en aussergeriichtlechen Accord mat der Fra, déi Plainte agereecht hat. Am ganze goufen eng 180 Nimm verëffentlecht, dat well eng Zeitung eng Plainte agereecht hat fir un d‘Informatiounen ze kommen.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Affär Epstein: US-Riichter mécht weider Nimm ëffentlech
US-Justiz
Affär Epstein: US-Riichter mécht weider Nimm ëffentlech
An der Affär ëm de verstuerwenen amerikanesche Milliardär Jeffrey Epstein huet den zoustännege Riichter elo weider Nimm ëffentlech gemaach. Dem Epstein waren zech Fäll vu sexuellem Mëssbrauch u mannerjärege Frae virgeworf ginn, hien hat sech 2019 am Prisong d‘Liewe geholl.
auto_stories
1 min