Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ AfD verléiert de Vott ëm ee Buergermeeschterposten

Däitschland

AfD verléiert de Vott ëm ee Buergermeeschterposten

An Däitschland gouf d‘AfD beim drëtte Versuch, ee wichtege politesche Posten ze kréien, ausgebremst: Zu Nordhausen ass et ëm de Buergermeeschterposte gaangen.

auto_stories

1 min

Am Ballotage konnt sech den aktuelle parteilose Buergermeeschter Kai Buchmann géint den AfD-Erausfuerderer Jörg Prophet duerchsetzen. De Vott gouf allgemeng mat Erliichterung opgeholl. D‘Vizepresidentin vum Bundestag Katrin Göring-Eckhard huet allerdéngs gemengt, datt 45,1 Prozent vun de Stëmme fir eng rietsextrem Partei ëmmer nach schockéierend wier.

An zwou Wochen ass d‘AfD op en neits an engem Ballotage, déi Kéier a Sachsen-Anhalt.