Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ AfD och an der Grenzregioun deels stäerkste Kraaft

Bundestagswal 2025

AfD och an der Grenzregioun deels stäerkste Kraaft

An der Lëtzebuerger Grenzregioun spigelen d’Walresultater déi vun der Bundestagswal ganz gutt erëm. D’CDU dominéiert d’Walkreesser an der Regioun Tréier, grad ewéi am Saarland. 

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

An allen dräi Walkreesser an der Regioun Tréier weist sech en änlecht Bild.

AfD och an der Grenzregioun kräfteg zougeluecht 

D’CDU bleift stäerkste Kraaft, an d’AfD huet deelweis kräfteg zougeluecht, dat ëm deelweis méi wéi 11 Prozent, wéi zum Beispill am Walkrees Musel/Rhein-Hunsrück. Ronderëm de Fluchhafen Hahn, dominéiert d’AfD d’Walresultater. An der Gemeng Sohren kënnt, déi zum Deel geséchert rietsextrem Partei, op 45 Prozent vun de Stëmme, zu Büchenbeuren souguer op 52 Prozent. Ma och méi no un der Lëtzebuerger Grenz wéi zu Niederweis an der Äifel an zu Wawern bei Konz huet d’AfD am stäerksten ofgeschnidden. 

Trotz den allgemeng gudde Resultater vun der CDU ass de Walowend fir den Dominik Sienkiewicz onglécklech verlaf. Den Direktkandidat vun der CDU krut zwar mat bal 31 Prozent déi meescht Éischtstëmmen am Walkrees Tréier, mee hie wäert säi Walkrees awer net am Bundestag kënne vertrieden. Dat wéinst der neier Walrechtsreform an Däitschland. Elo wäert net méi all Direktkandidat et an de Bundestag packen. 

Saarbrécken ass d'Ausnam

Am Saarland sinn d’Resultater bis op eng Ausnam net vill anescht. D’CDU kritt am traditionell SPD dominéierte Bundesland zwar déi meeschte Stëmmen, mee am Géigesaz zur Regioun Tréier kënnen déi chrëschtlech sozial hiert Resultat vun 2021 hei nëmme liicht verbesseren a kommen op elo knapp 27 Prozent. D’SPD kënnt entgéint dem däitschlandwäiten Trend op déi zweete Plaz bei der Bundestagswal am Saarland. D’Sozialdemokraten hunn awer och hei vill Stëmme verluer an elo just nach eng minimal Avance vun 0,3 Prozent op d’AfD.

Déi zwou weider Ampelparteien FDP an déi gréng, kënnen och an der Grenzregiounen net iwwerzeegen. D’FDP kritt och hei bal iwwerall manner wéi 5 Prozent vun de Stëmmen an och déi gréng déi 2021 nach opgrond vun engem eegene Feeler keng Lëscht am Saarland duerften opstellen, bleiwen an der Grenzregioun gréisstendeels ënnert hiren däitschlandwäiten 11 Prozent. Die Linke konnten dogéint Stëmme gewannen an 2 bis 3 Prozent zouleeën, mee bleiwen trotzdeem ënnert hirem Gesamtresultat vu bal 9 Prozent. Eng Ausnam ass do Saarbrécken, wou die Linke op 9,9 Prozent vun de Stëmme koum. 

Lauschterenplay_arrow