Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Äermelkanal: Mënschen, dorënner ee Kand, um Wee an England ëm d‘Liewe komm

Migratioun

Äermelkanal: Mënschen, dorënner ee Kand, um Wee an England ëm d‘Liewe komm

Eng ganz Rei Mënsche koumen ëm d‘Liewe wéi se wollte vu Frankräich iwwert den Äermelkanal an England kommen. Och ee Kand ass ëm d‘Liewe komm dat mellen déi franséisch Autoritéiten.

auto_stories

1 min

© picture alliance / imageBROKER | Jan Tepass
D'Joer 2024 gëlt als dat déidlechst Joer (Foto: picture alliance / imageBROKER | Jan Tepass)

D‘Kand soll am Boot an net am Waasser fonnt gi sinn. De franséischen Inneminister huet vun engem schrecklechen Ongléck geschwat, dat eis alleguer misst op déi schrecklech Tragedie opmierksam maachen déi sech do ofspillt.

D‘Schmuggler hätten d‘Blutt vun dëse Mënschen un hiren Hänn an d‘Regierung wéilt de Kampf géint d‘Mafia verstäerken, esou de Bruno Retailleau. Den Äermelkanal ass an de leschte Joren zu enger Migratiounsstrooss ginn déi vill benotzt gëtt. D‘Joer 2024 gëllt mat op d‘mannst 40 Doudesaffer zu dem déidlechsten zënter 2018.