Radioen

On air

Ligne 2  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Abréch zu Dikrech an Uewerpallen

Police

Abréch zu Dikrech an Uewerpallen

Gëschter um Dënschden an hënt ass op e puer Plazen am Land agebrach ginn. Zu Dikrech konnt een Abriecher am fréien Nomëtteg festgeholl ginn.

auto_stories

1 min

Noperen hate gesinn, datt e wollt an een Haus abriechen an d‘Police geruff. Wéi de Mann wollt fortlafen, wier e gefall an d‘Noperen hätten hien du festgehal bis d‘Police komm ass.

Dann ass hënt och an eng Tankstell an an en Akafszentrum zu Uewerpallen agebrach ginn. D‘Täter hunn Tubaksproduiten a Bijoue geklaut.