Radioen

On air

Notturno  |  Daily Vacation - Circles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aarmut ass och zu Lëtzebuerg eng Realitéit

Gesellschaft

Aarmut ass och zu Lëtzebuerg eng Realitéit

Wann iwwer eis Grenzen eraus iwwer Lëtzebuerg geschwat gëtt, da geet jo ganz gäre vum Land mat de ville Banke riets, d’Land mat de décke Paien a mam héije Liewensstandard. Mee och zu Lëtzebuerg ginn et vill Leit, deenen et net sou gutt geet an op den Office sociauxe kréien déi Leit gehollef. Den Office social vu Käl-Téiteng-Rëmeleng ass een dovun.

auto_stories

2 min

headphones

25 min

play_arrow
Foto: Jean Claude Majerus

No Covid hätte sech bannent kuerzer Zäit vill Leit gemellt, seet de President vum Office social Käl-Téiteng-Rëmeleng. Ëmmer méi Leit hätten zanterhier finanziell Schwieregkeeten an dobäi wier de Logement ee vun de gréisste Probleemer. "Do ass zum Enn vum Geld nach vill Mount iwwereg", seet de Romain Daubenfeld.

Och zënter éischt Baufirmen hir Dieren hu missen zoumaachen, géif ee mierken, datt méi Leit sech géife beim Office social mellen.

Ëmmer méi Leit aus Krichsgebidder

Dacks gëtt behaapt, et géife bal just Auslänner op den Office social goen, dat géif awer net stëmmen, seet de Christian Larocha. Fir d'Joer 2022 hätte ronn 32 Prozent vun hire Clienten déi lëtzebuergesch Nationalitéit, 33 Prozent déi portugiesesch, eelef Prozent waren EU-Auslänner an 23 Prozent Net-EU-Auslänner. Et géifen awer ëmmer méi Leit aus Krichsgebidder sech beim Office social mellen, sou de Romain Daubenfeld.

Generaliséierten tiers payant géif hëllefen

Sechs Leit schaffe Vollzäit fir den Office social Käl-Téiteng-Rëmeleng, dovu véier Assistant sociallen, finanzéiert gëtt d'Aarbecht zu jeeweils 50 Prozent vum Staat a vun der Gemeng.

D'Missioune vum Office social si villfälteg: D'Assistant Sociallen hëllefen de Leit hir Pabeiere maachen, dozou zielt den tiers payant social. D'Aféiere vum generaliséierten Tiers payant - wéi e scho vun der viregter Regierung ugeduecht gi war - géif d'Office sociallen entlaaschten an de Leit mat manner groussem Portmonni hëllefen, sou de Romain Daubenfeld.

Den Office social hëlleft ville Leit och, andeems en hinnen eng Adresse de référence offréiert, déi ee virun allem brauch, fir um Aarbechtsmaart ënner ze kommen. En drëtte Volet sinn Epiceries Sociallen an den Office social gëtt de Leit och Sue fir kënnen akafen ze goen. Den Office social hëlleft och, andeems en d‘Kautioune fir eng Wunneng hannerleet.

De Kampf géint d‘Aarmut net opginn

Et misst een d'Aarmut zu Lëtzebuerg weider bekämpfen, och wa se net ëmmer oder fir jidderee siichtbar wier, sou nach de Romain Daubenfeld.

"Mir si schliisslech dat räichste Land an Europa a mir sinn eent vun de räichste Länner op der Welt an do kann et net sinn, datt mir Leit ënnen duerch de Filet fale loossen."


Lauschterenplay_arrow