Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'ASTM steet dem COP-Accord skeptesch géigeniwwer

Ëmwelt

D'ASTM steet dem COP-Accord skeptesch géigeniwwer

D’Action Solidarité Tiers Monde weist sech skeptesch géigeniwwer dem Accord um Weltklimasommet. D’Formulatioun vun der Transitioun gouf a leschter Minutt als Kompromëss fonnt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Illustratioun COP28 | © picture alliance/dpa | Hannes P Albert play_arrow
Illustratioun COP28 (Foto: picture alliance/dpa | Hannes P Albert)

International Hëllefsorganisatioune kritiséieren, datt den Accord net konkret genuch wier. Fir de Cédric Reichel vun der ASTM ass ganz kloer, datt dat en Accord ass dee vu Muecht-Parteie gemeet gi wier an datt mat deem Accord d’Klimazil vun maximal 1,5 Grad net erreecht wäert ginn. 

"(...) d' Weeër dohinner ginn net beschriwwen an déi sinn absolut net konkret. Et ass en Accord voller Lächer a voller Ondäitlechkeeten.”

E weidere grousse Kritikpunkt ass de Finanzement vun engem Fonds, deen déi am meeschte vulnerabel Natioune soll ënnerstëtzen, well déi am meeschte vun de Konsequenze vum Klimawandel betraff sinn. Déi schlussendlech Zomm géif bei Wäitem net duer goen, sou de Cédric Reichel.

Ënnerschiddlech Opfaassungen iwwer néidege Betrag

Zum Bäitag dee Lëtzebuerg dozou wëllt leeschten, hat den Ëmweltminister Serge Wilmes, rezent hei op der Antenn gesot, am Verglach zu Holland, géif et méi wéi een Euro op de Kapp ginn.

D’ASTM huet do ganz aner Zuelen, déi si fir néideg emfannen.

“Mir hu lescht Joer eng Étude erausginn, wou mir einfach mol e Calcul gemaach hunn, wat wär dann di ugemiesse Responsabilitéit vu Lëtzebuerg an dat, do ware mer bei 324 Milliounen ab 2030 erauskomm. Also do si mer wäit ewech vun sou engem Euro."

D’ASTM wënscht sech dofir, datt den Dialog och mat där neier Regierung bestoe bleift, datt déi lëtzebuergesch international Klima-Finanz-Politik nohalteg an gerecht ass.

Lauschterenplay_arrow