Wat bedeit dat fir déi Betriber, déi dréngend Ingenieure brauchen?
Heinsdo géifen iwwer Méint oder esouguer Jore Posten net besat ginn, esou den Thierry Flies vun der ASBL Ingénieurs et Scientifiques du Luxembourg.
"Wat schued ass, well ee Posten, deen net besat ass, dat heescht, datt do net weider geschafft gëtt, respektiv datt och net weider entwéckelt gëtt, oder anerer dat mussen opfänken."
Eischt Erausfuerderung läit beim Studium
A sengen Aen géifen net genuch Leit sech fir de Studium vum Ingenieur decidéieren, esou de Thierry Flies, dee probéiert virun allem jonke Leit de Beruff schmackhaft ze maachen.
"Dir musst net Expert an der Mathe sinn oder an anere Sproochen oder an der Physik. Gitt de beruff studéieren, da gesitt der wéi schéin et ass. An do mierke mer awer eng positiv Tendenz."
Déi Entwécklung wier awer lues, esou den Thierry Flies. Dobäi géifen ëmmer méi Ingenieure gebraucht ginn. Virop wéinst der rasanter Entwécklung vun der Kënschtlecher Intelligenz.
"Fir d'KI brauchs de och eng Basis. Eng Basis heescht an deem Fall Infrastrukturen. A fir déi Infrastrukturen ze schafen an ze kréien, brauch ee mol sécherlech Ingenieuren."
Ingenieuren a Kënschtlech Intelligenz
Woubäi d'KI och d'Aarbecht vun den Ingenieure verännere wäert, gëtt den Thierry Flies zou.
"E muss d'KI challengen an checken, ob déi Léisungen déi mat der KI erreechnet ginn, och pertinent sinn. An dofir brauche mer Ingenieuren. An déi wäerten elo net vun enger KI ersat ginn."
A sengen Aen géifen et keng kloer Statistiken zu Lëtzebuerg ginn, fir d'Besoine vum Aarbechtsmaart richteg ze kennen. Fir d'Leit awer dozou ze kréien, dat ze studéieren, wat um Marché gebraucht gëtt, misst een iwwer eng Bourse nodenken, esou den Thierry Flies.
"Wéi eng Beruffer gi lo massiv gebraucht, also wëlle mer déi och e bësse pushen a respektiv dem eng oder anere Student soen, hei do kriss en eng Incitatioun, wanns de dat mëss, mat enger Bourse spéciale. Mir hu vill Boursen, mee mir hunn elo haut nach keng Bourse, déi steiert, wat ee soll studéieren."
Den Thierry Flies stellt sech deemno eng finanziell Ënnerstëtzung vir, fir Leit déi gewësse Fächer studéiere ginn.
Lauschtert hei dat ganzt Gespréich mam Thierry Flies