Net nëmmen d‘Giischtercher, mee och all déi aner Leit déi am Prisong schaffen, sieft dat dat administratiivt, technescht oder edukatiivt Personal, wieren all Dag der selwechter Gewalt a Risiken ausgesat. Dat schreift d'APATE an engem Communiqué. Och si fuerdert deemno, datt nei Sécherheetsmesuren am Prisong agefouert ginn.
D’Zouhuele vu Gewalt an de Prisonge géif sech zum groussen Deel duerch den Zouwuess vun Inhaftéieren erkläre loossen. Esou d'Reaktioun vun der Generaldirektioun vun der Prisongsverwaltung gëschter um Dënschdeg no der Alerte vun der Associatioun vun de Giischtercher.