arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ANIL fuerdert méi Autonomie fir Infirmièren

Fleegesecteur

|
reading time

3 min

headphones

8 min

play_arrow

ANIL fuerdert méi Autonomie fir Infirmièren

D'Chamber huet d'Reform vum Gesetz iwwer de Beruff vun den Infirmièren an Infirmièren ugeholl. D'Presidentin vun der Associatioun ANIL, d'Anne-Marie Hanf, gesäit awer wéineg konkreet Verännerungen a fuerdert méi Autonomie um Terrain.

reading time

3 min

headphones

8 min

play_arrow
D'Anne-Marie Hanff | © Jo Diseviscourt
D'Anne-Marie Hanff (Foto: Jo Diseviscourt)

D’Associatioun fuerdert ënner anerem, datt Infirmièren a bestëmmte Situatioune selwer kënnen decidéieren, wéi eng Interventioun néideg ass – och ouni direkt Ordonnance vun engem Dokter.

Méi Entscheedungsfräiheet fir Infirmieren an Infirmièrë gefuerdert

Et geet dobäi net nëmmen ëm méi Kompetenzen, mee och ëm eng méi effikass Versuergung vun de Patienten, erkläert Anne-Marie Hanf.

“Et geet eis jo am Fong dorëms, datt ee selwer kann decidéieren eng Interventioun ze maachen. An dat muss haut och nuets an och de Weekend am Spidol an och ausserhalb vum Spidol funktionéieren. An dat ass am Moment leider net de Fall, esou datt et schwiereg wäert si fir déi Ziler, déi an der Quadripartite geschwat goufen, datt d'Leit méi fréi aus dem Spidol solle kënnen entlooss ginn oder och einfach net méi onnéideg an d'Spidol musse goen, fir déi ze reduzéieren.”

Prescriptioun duerch Infirmieren an Infirmièren: "Dat wier eng Erliichterung fir Patienten“

Ee vun de Punkte vun der ANIL ass d’Méiglechkeet, datt Infirmièren an Infirmieren a bestëmmte Beräicher Material oder verschidde Produite selwer verschreiwe kënnen.

Als Beispill nennt Anne-Marie Hanf d’Canicule. Bei dehydratéierte Persoune kéint eng Infirmière eng subkutan Infusioun erkennen an asetzen, wann déi néideg Kompetenzen a rechtlech Méiglechkeeten do wieren.

“An da geet et eis awer och ëm e puer Medikamenter, zemools déi, déi jiddereen ouni Ordonnance och an der Apdikt ka kafen, datt mir déi och ouni Ordonnance dierfe verofreechen an datt mir se och däerfe verschreiwen, fir datt d'Leit, déi och rembourséiert kréien a fir datt mir och un d'Material kommen.”

"Mir droen déi Verantwortung schonn"

D’Presidentin vun der ANIL weist drop hin, datt Infirmièren an Infirmieren haut scho vill Verantwortung iwwerhuelen – mee net ëmmer mat enger klorer gesetzlecher Basis.

“Do ginn et och ganz gutt Beispiller, déi an engem Edito am Journal beschriwwe sinn, wou den Dokter da seet: “Du weess jo, bei mir kanns de dat”. Dat heescht, mir droen déi Verantwortung schonn, mee mir wëlle gären, datt dat legaliséiert gëtt.”

Si betount, datt et net dorëms geet, den Dokter ze ersetzen, mee d’Zesummenaarbecht tëschent de Gesondheetsberuffer nei ze definéieren.

Der Anne-Marie Hanff no hätt och de Collège médical keng grondsätzlech Oppositioun géint méi Kompetenze fir Infirmièrë geäussert. Et misst just kloer definéiert ginn, wéi dës Responsabilitéiten ausgesinn.

“Och si (de Collège médical) hunn an der Entrevue mat eis gesot, datt si elo grondsätzlech kee Problem gesi bei der Prescription infirmière. Et muss een einfach just gutt kucken, wéi dat herno ofleeft an datt d’Infirmière déi Responsabilitéit och kann droen.”

Nei Gespréicher am Hierscht

D’Gesondheetsministesch Martine Deprez hat annoncéiert, am Hierscht weider Gespréicher mat den Acteuren ze féieren.

Fir d’ANIL ass d’Hoffnung domat nach net verluer. D’Associatioun verweist op eng Motioun, déi an der Chamber mat de Stëmme vu Regierung an Oppositioun ugeholl gouf.

play_arrow Lauschteren