Radioen

On air

Notturno  |  Meg Baird - Will You Follow Me Home?

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Natur a Bëschverwaltung: 400 schützenswäert Beem ginn net deklasséiert

Falsch Kritik vum Mouvement Écologique

Natur a Bëschverwaltung: 400 schützenswäert Beem ginn net deklasséiert

Et gi keng 400 geschützte Beem vun der Lëscht vun der Natur- a Forstverwaltung erofgeholl. Déi Informatioun vum Mouvement Écologique wier net richteg, seet d‘Martine Neuberg, Chef de Service vum Service des Forêts vun der ANF am 100,7-Interview.

auto_stories

1 min

De Status vum „Arbre remarquable“ war fréier iwwert d‘Denkmalschutzgesetz gereegelt, dat ass awer geännert ginn, well „Sites et monuments“ nëmmen nach gebaute Material schützt.

Schützenswäert Beem ginn dofir elo am neien Naturschutzgesetz festgehalen. Op der neier Lëscht wiere schonn 250 nei Beem klasséiert ginn, an déi, déi op der aler Lëscht stoungen, géifen och ropgeholl ginn, sou d‘Martine Neuberg. Si versteet awer d‘Kritik vum Mouvement Écologique.

An Zukunft géif een och nach vill méi Beem op déi Lëschte setzen. Och aner Initiative wiere geplangt. Si géifen eng wichteg Roll am Kampf géint de Klimawandel spillen.

Beem sinn iwwerdeems iwwert d‘Naturschutzgesetz geschützt a kënnen net einfach gehae ginn, weder Beem a fräier Landschaft, nach a Biotopen oder eenzel Beem an Dierfer a Stied, ënnersträicht d‘Cheffin vum Service des Forêts bei der Naturverwaltung.