search

/ AMMD-President: "Mir verteidegen net den Dr. Wilmes, mee d'Anhale vun de Prozeduren"

Santé

|
headphones

5 min

headphones

15 min

play_arrow

AMMD-President: "Mir verteidegen net den Dr. Wilmes, mee d'Anhale vun de Prozeduren"

Affär Wilmes, Dokteschtariffer, CNS-Verhandlungen: Am Gesondheetssecteur komme grad vill Problemer beieneen. D'Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD ass matten dran an deelt lénks a riets aus, wéi hire President Chris Roller am 100,7-Interview weist.

headphones

5 min

headphones

15 min

play_arrow
De Chris Roller vun der AMMD | © Jo Diseviscourt
De Chris Roller vun der AMMD (Foto: Jo Diseviscourt)

Keen Dossier beschäftegt de Secteur vun der Santé aktuell esou vill wéi dee vun der Affär Wilmes. Am 100,7-Interview seet de Chris Roller, President vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD, datt d’AMMD et bedauert, datt dës Affär esou mediatiséiert gëtt. Et hätt sollten als éischt intern gekläert ginn, esou den AMMD-President.

“Wien huet de Benefice dovun, datt et elo an der Press ass?”

Eng Affär ouni Gewënner

Elo géing sech Veronsécherung breetmaachen, esouwuel bei den Dokteren, wéi och bei de Patienten.

Doktere géingen elo realiséieren, wéi séier ee seng Renommée verléiere kann, wann esou Accusatiounen opkommen.

Zum Fong vun den Accusatioune wëllt de Chris Roller iwwerdeems näischt soen, esoulaang keng Expertis virläit.

Et kéint sinn, datt sech d’Dokteren elo vläicht e puermol iwwerleeën, ob si eng Operatioun duerchféieren, oder net. Och dat wier net ëmmer gutt, seet de Chris Roller.

“Et gëtt kee Gewënner op kenger Säit.”

Kritik um Choix vum Expert

D’Patienten iwwerdeems verléieren duerch esou Affären d’Vertrauen an de System. Et wier awer net der AMMD hir Roll, dat Vertrauen nees opzebauen, mengt de Chris Roller. Wat elo wichteg ass, wier, datt d’Expertis gemaach gëtt. Do läit hien iwweregens ganz op der Linn vum Dr. Wilmes: De Chris Roller äussert Zweifel un der Neutralitéit vun den Experten, déi d'Virwërf géint den Dr. Wilmes musse bis den 22. Abrëll ënnersichen.

Konkreet ginn 3 Experten ernannt. Ee vum Dokter Wilmes, ee vun der Santé, an da mussen déi sech nach op een Drëtten eenegen. D’Expertin, déi d’Santé erausgesicht huet, ass Member vun engem europäeschen Expertegremium mat Doktere fir Knéioperatiounen. De Fait awer, datt déi Expertin an der Vergaangenheet och scho mat engem Dokter aus dem CHL zesummegeschafft huet, deen d'Knéi-Operatioune vum Dr. Wilmes a Fro stellt, stéisst dem Chris Roller sauer op.

AMMD wëllt Prozedure verteidegen

Als AMMD géing een hoffen, datt alles nom Rechtsstaat ofleeft. Vill Prozedure wieren nämlech net esou agehale ginn, wéi se hätte sollen. “Dat beonrouegt schonn”, mengt de Chris Roller, dee wéi gesot ganz op enger Linn mat der Defense läit: 

“Mir verteidegen net den Dr. Wilmes, mee mir setzen eis dofir an, datt d’Prozeduren agehale ginn.”

Et kéint nämlech net sinn, datt een direkt seng Approbatioun lass wier, well Whistleblower grav Virwërf an de Raum geheien, betount den AMMD-President, deen domat net d'Positioun vun den CHL-Doktere verteidegt, déi d'Virwërf géint den Dr. Wilmes erhuewen hunn. 

Dokteschtariffer: Staark Kritik un der CNS

D’AMMD huet sech laang staark gemaach, datt d’Tariffer vun den Dokteren, déi vun der CNS ausbezuelt ginn, eropginn. An deem Dossier ass awer elo tranchéiert ginn an d’Tariffer ginn net eropgesat.

De Conseil supérieur hätt d’Argumentatioun vun der CNS iwwerholl, kritiséiert de Chris Roller. Deenen hiert Argument: D’Explosioun vun de Käschte géing un den Abuse leien, déi d’Doktere bedreiwen.

D’CNS argumentéiert, datt sech vill Akten net mam "utile et nécessaire" géingen decken. De Chris Roller kritiséiert, datt dëst e “vage” Begrëff wier, dee just op Chiffere kuckt, net awer op medezinesch Recommandatiounen.

Den AMMD-President gëtt d’Beispill, datt an der Urologie ëmmer méi IRMe gemaach ginn, fir fréizäiteg Prostatakriibs ze erkennen. Dat op Recommandatioun vun der European Associatioun of Urologie. D’CNS géing behaapten, dës Recommandatiounen net ze kennen. De Chris Roller setzt deem entgéint, datt d’Gesondheetskeess jo Medezinner astelle kéint, déi esou Recommandatioune bewäerte kéinten.

D’Urteel ass awer elo definitiv. Et ass e Jugement, bei deem een net an Appell ka goen.

AMMD fuerdert Alenke vun der Politik

Doriwwer eraus lafe weiderhin d’Negociatiounen iwwer d’Konventioun mat der CNS, déi jo aktuell ausser Kraaft ass. Et wier een op engem Punkt ukomm, wou een net wierklech virukéim, esou de Chris Roller.

D’Ministesch Deprez géing der AMMD hir Doleancë kennen: Et wier een net averstane mat der Valorisatioun vun der Lettre clé, an de Begrëff vum "utile et nécessaire" misst fort.

“Ouni d’Alenke vun der Politik komme mir net weider.”

De Chris Roller sot am Interview, d'AMMD hätt gëschter Moien eréischt eng Invitatioun kritt fir dräi Aarbechtsgruppen am Nomëtteg zu de Verhandlunge fir eng nei Konventioun. Do wier "e bësse Chaos am Ministère". Op Nofro am Gesondheetsministère heescht et awer, déi éischt Invitatioun fir d'Aarbechtsgruppe wier schonn de 16. Februar erausgaangen, an de Rappell wier virgëschter verschéckt ginn - also anescht wéi vum Chris Roller behaapt.

Déi éischt dräi Aarbechtsgruppe mat och aneren Experten an Acteure wiere gëschter och zesummekomm. Déi aner zwee Aarbechtsgruppe géifen den 11. Mäerz beienee kommen. D'Gesondheetsministesch Martine Deprez géif hoffen, am Fréijoer kënnen éischt Conclusiounen op Basis vun den Aarbechten an deenen Aarbechtsgruppen ze zéien.

De Chris Roller huet iwwerdeems d’Gefill, datt d’Regierung de Koalitiounsaccord an der Santéspolitik net wierklech ëmsetzt. Och eng Äntwert op eng méiglech Entrevue mam Premier Luc Frieden hätt een nach net kritt.

Dokteschgesellschaften: Eng schwéier Gebuert

Schlussendlech huet d’Santésministesch Martine Deprez gëschter um Mëttwoch de Projet de loi vun den Dokteschgesellschafte presentéiert, dee sech un deem vun den Affekotegesellschaften orientéiert.

Ënner anerem sinn extern Finanzementer ausgeschloss ginn. Dat ass eppes, wat d’AMMD och gewollt hätt, esou de Chris Roller, deen de Gesetzesprojet awer als eng "schwéier Gebuert" bezeechent.

play_arrow Lauschteren