Radioen

On air

E-Lodie  |  Andrew Heath - Codes (Blochemy Remix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ADR-Kongress: Kritik un anere Parteien an un der Press

Politik

ADR-Kongress: Kritik un anere Parteien an un der Press

Gutt zwou Woche virun de Chamberwale vum 8. Oktober huet d’ADR de Mëttwoch Owend op hirem Walkongress hir Basis mobiliséiert. Déi rezent Sonndesfro hat der rietser Oppositiounspartei e Sëtzverloscht virausgesot. Den Toun, deen de Mëttwoch Owend ugeschlo gouf, war rau. Et gouf vill ausgedeelt: Kritik gouf et un den anere Parteien, sou wéi un der Aarbecht vun der Press hei am Land.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

ADR Parteikongress | © Cyrille Hill play_arrow
ADR Parteikongress (Foto: Cyrille Hill)

Ronn 150 Leit ware gëschter am Belairer Centre Culturel zesumme komm, dorënner och den Éierepresident a fréieren Deputéierte Gast Gybérien. Am Mëttelpunkt stounge béid Spëtzekandidaten aus dem Süden, den Deputéierte Fernand Kartheiser an den ADR-President Fred Keup. Deen huet siwe Punkte presentéiert, déi hien a siwe Deeg géif ëmsetzen, wann hie Premier wier. Als éischte Punkt géif hien d’Kriminalitéit zu Lëtzebuerg ofschafen, andeems fir méi Sécherheet un den nationalen wéi och déi europäesche Grenze géif gesuergt ginn.

"Den zweeten Dag: Famill. Mir hunn hei eng Regierung, där ass d’Famill an der Politik zimlech egal. Mir wäerten de Leit d’Méiglechkeet ginn dass se hir Kanner och doheem kenne selwer erzéien. An net mussen an eng Struktur ginn, ech schwätze vu Crèche oder Maison Relais."

Offensiven Toun, schaarf Kritik un anere Parteien

Op deene fënnef weideren Deeg wéilt hien och nach beispillsweis duerch méi Tanktourismus d’Recetten am Staatsbudget erhéijen. Um siwten Dag dann, do géif ee raschten, esou nach de Fred Keup a senger Usprooch. An engem offensiven Toun ass och ëmmer nees Kritik un de Regierungsparteien an un der CSV geäussert ginn; ma och déi aner Parteie si schaarf kritiséiert ginn.

"Si wëllen datt mer an Angscht liewen, si wëllen datt mer fäerten, si wëllen, datt mer e schlecht Gewëssen hunn, si wëllen datt mer kontrolléierbar sinn, si wëllen datt mer dat maachen wat si gären hätten, datt mer denke wat si gären hätten. A mir musse versichen, déi sou genannte Weltverbesserer rëm op de Buedem vun der Realitéit ze huelen."

Mediekritik amplaz Responsabilitéit ze iwwerhuelen

Kritik gouf et dann och un der Aarbecht vun de Journalistinnen a Journalisten hei am Land. RTL hat opgedeckt, datt d’ADR am Januar eng Konferenz moderéiert huet, op déi déi franséisch rietsextrem Partei Civitas invitéiert gouf. De Fred Keup behaapt, d’Medie wéilten d’ADR an e schlecht Liicht stellen.

"E Journalist, deen eppes am Januar oder wéini och ëmmer weess, an e bréngt dat zéng Deeg virun de Walen, mécht et net fir ze informéieren, dee mécht et fir d’Walen ze manipuléieren a sengem politesche Sënn."

D’ADR hat déi lescht Deeg probéiert, all Responsabilitéit wéinst Verbindungen zur rietsextremer Civitas vu sech ze weisen. D’Vize-Presidentin vun ADR International hätt an hirem eegenen Numm gehandelt, wier elo aus der Partei ausgetrueden, an domat wiere kee Suivi néideg, esou d’Parteispëtzt.

Lauschterenplay_arrow