Fir déi eegen Efforte besser ze cibléieren, gouf dës Etüd zejoert gemaach a goufen d’Informatikberuffer an alle Beräicher vun der Aarbechtswelt gekuckt. D’Etüd baséiert op deklaréierten Jobofferen tëscht 2015 an 2022, woubäi d’ADEM net onbedéngt all Offer gemellt kritt, wéi hir Directrice sot.
D’Etüd weist, datt et engersäits eng spektakulär Croissance bei IT-Beruffer gëtt an anerersäits an de fënnef Haaptberäicher dovun ze mann Kandidaten, zum Beispill Software-Entwéckler. “Dat ass bei der ADEM den Nummer-1-Posten, wou mir am meeschte gemellt kréien.” Och de Profil vum „Business Intelligence-Analyst“ an den Expert an der Cybersécherheet wiere gefrot, mee et géif een net genuch Kandidate fannen.
Weider Efforten an der Formatioun néideg
Rieds goung awer och iwwer Formatiounen an der Informatik, zum Beispill fir Leit op der Sich no enger Schaff. Op deem Gebitt gëtt vill gemaach: 38 Prozent vun alle Formatioune sinn digitaler a si sinn e Succès. D‘lescht Joer goufen am Beräich vun der Basis- an an de spezialiséierte Kompetenze jeeweils 300 Leit ausgebilt.
Trotzdeem wier wéinst dem séiere Wandel eng weider Formatiounsoffensiv néideg, fënnt d’Isabelle Schlesser.
Zu gudder Lescht gouf nach den neien digitalen Tableau de bord “JobInsights” zu Tendenzen um Aarbechtsmaart presentéiert. Et fënnt een dësen Outil op adem.lu, respektiv op jobinsights.lu.