Radioen

On air

Notturno  |  Kadhja Bonet - Nobody Other

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ ACEL an déi Lénk ënnersträiche Wichtegkeet vun engem nohaltege Pensiounssystem

Geplangte Rentereform

ACEL an déi Lénk ënnersträiche Wichtegkeet vun engem nohaltege Pensiounssystem

D’Studentenassociatioun ACEL an déi Lénk hu sech iwwert déi geplangte Rentereform ausgetosch. Béid Säiten hunn ënnerstrach, datt et wichteg wier, e gerechten an nohaltege Rentesystem fir déi zukünfteg Generatiounen ze garantéieren.

auto_stories

1 min

Pensioun | © Bigstock
Foto: Bigstock

D’ACEL huet betount, datt d’Studien- an Ausbildungszäite flexibel misste berécksiichtegt ginn. Eng Fuerderung, déi vun déi Lénk ënnerstëtzt gëtt.

Déi Lénk hunn d’Drénglechkeet vun der Reform a Fro gestallt, well de staatleche Rentefong aktuell 30 Milliarde Reserven hätt. Si hunn och gewarnt, datt d’Stäerkung vun de private Rentepilliere zu méi sozialen Ongläichheete féiere kéint. Béid Delegatioune fuerderen eng besser an transparent Informatioun vun der Regierung an een oppenen ëffentlechen Debat.