D’Julie Wieland huet d’lescht Joer d’Diagnos kritt, dat war mat Ufank 30. Si ass frou, datt si elo Gewëssheet huet a wousst, datt eppes an hirem Kapp “aneschters funktionéiert”. Duerch d’Diagnos kann d’Julie Wieland elo dogéint steieren. Et ass och ee Verständnis komm, firwat si elo sou “ass, wéi si ass.”
Eege Recherche maachen iert d’Diagnos kënnt
Iert d’Julie Wieland d’Diagnos kritt huet, huet si awer selwer Recherche gemaach. Wärend der Coronakris huet déi jonk Fra méi Zäit op Social Media verbruecht an ass esou op Videoe gestouss vu Fraen, virop aus Amerika, déi oppen iwwert ADHS geschwat hunn. D’Julie Wieland huet gemierkt “dat do sinn ech”. Net wibbeleg oder opgedréint, mee just ee Kapp. Deen net zur Rou kënnt.
Dëse Wee bis zur Diagnos ass net ongewéinlech. Dat kann och d’Estelle Thilgen confirméieren. Si ass Neuropsychologin am CHNP zu Ettelbréck a mierkt selwer, datt d’Leit oft scho Recherche gemaach hunn, iert se bei een Dokter ginn. D’Symptomer sinn awer net onbedéngt déi, déi ee sech typescherweis géing virstellen. Et muss een also keen “Zappelphilippe” sinn. Dacks kann ADHS och hannert reegelméissegem Kappwéi oder Depressioune stiechen.
Méi Diagnose bei Jongen ewéi bei Meedercher
D’Julie Wieland huet een halleft Joer laang selwer Recherche gemaach. Si wollt net mat enger falscher Diagnos bei den Dokter goen. Als éischt ass si bei den Hausdokter gaangen. Mee et huet awer laang gedauert, fir een Dokter ze fannen, deen duerno och déi richteg Diagnos konnt stellen. Vill Doktere sinn nämlech net op ADHS bei Frae spezialiséiert. Dofir kréie Fraen dacks just Angscht oder Depressiounen diagnostizéiert.
Effektiv beweisen d’Zuelen, datt et Ënnerscheeder tëscht Jongen a Meedercher ginn, wéi d’Estelle Thilgen erkläert. Am jonken Alter ginn et bei Jongen dräi Mol méi Diagnose wéi bei Meedercher. Bei Erwuessene läit d’Ratio awer bei 1 zu 1. Et mierkt een also, datt jonk Fraen dacks net diagnostizéiert ginn, esou d’Estelle Thilgen. Effektiv verstoppe jonk Meedercher den ADHS méi staark wéi Jongen, well déi typesch Symptomer net zum “Stereotyp” vun engem Meedche géing entspriechen.
Och d’Julie Wieland mierkt am Nachhinein, datt dat sou war. Et war ëmmer bësse “Kiermes am Kapp”, seet d’Julie Wieland. Si hat vill Hobbyen ugefaangen, war sportlech aktiv a verdreemt. Mee wann ee bis ufänkt mat schaffen, da maskéiert een et, well et och net méi dem “Kand-Sinn” entsprécht.
De Pilotprojet “Clinique de l’Attention”
Fir hir Eltere war d’Diagnos och ee klenge Schock, seet d’Julie Wieland. Si hunn et direkt mat de klassesche Virurteeler verbonnen, déi d’Julie als Kand awer net hat. Et war eng Ëmstellung. Och, well d’Julie Wieland et wollt mat Medikamenter probéieren. Mee si huet d’Opportunitéiten ervirgehuewen an net déi negativ Konsequenzen.
Medikamenter sinn effektiv eng Behandlungsméiglechkeet, vun där och an der “Clinique de l’Attention” gebrauch gemaach gëtt. Dëst ass ee Pilotprojet, deen d’Estelle Thilgen coordinéiert. Doriwwer eraus bidde si och eenzel Coaching un, wou Leit Strategië léieren, fir besser mam ADHS am Alldag eens ze ginn. Och Gruppentherapie ginn ugebueden. Et géing een awer nach gäre méi maachen, esou d’Estelle Thilgen, mee et bräicht een e Finanzement a méi Personal, fir datt aus dem Pilotprojet eppes Dauerhaftes ka ginn.
Renseignéiere kann ee sech op treffadhs.lu an op rehaklinik.lu