An der Provënz Toledo, an der Géigend vun Urda, sinn de Moie géint 09:00 Auer d'Waggone vun deem engen Zuch een Damm erofgefall, well deen aneren Zuch vun hannen an e geknuppt ass. Béid waren a Richtung Andalusien ënnerwee.
Betraff sinn de privaten Zuchbedreiwer Iryo an di staatlech Renfe. Am Iryo-Zuch souzen 147 Passagéier an deem anere bal 400 Passagéier. Den Zuchverkéier tëschent Madrid an Andalusien ass a béid Richtungen ënnerbrach. D'Ursaach vum Accident ass bis ewell onkloer.
De spuenesche Premier Pedro Sánchez huet op de Soziale Medien geschriwwen, hie wier déif getraff iwwer dat schwéiert Ongléck. Hien huet den Affer an de Familljen a Frënn vun den Affer säi Bäileed ausgeschwat.
Erënnerungen un Ongléck am Januar
D'Ongléck erënnert un dat lescht, ganz schlëmmt Zuchaccident am Januar an Andalusien. Dobäi ware 46 Mënschen ëm d'Liewe komm.
Deemools war een Zuch entgleist a mat engem anere frontal aneneegeknuppt. Iwwer 150 Mënsche waren dobäi blesséiert ginn. Doropshin haten d'Eisebunner:innen a ganz Spuenie gestreikt. Si haten deemools gefuerdert, datt méi an d'Sécherheet vun de Schinnen investéiert soll ginn.
Mat 4.000 Kilometer Schinnen ass dat spuenescht Schinnennetz dat zweet gréisst op der Welt, hanner China.