Radioen

On air

De Weekend  |  Moiespanorama

play_arrow Live
search

/ A Portugal konnt d‘Parlament och beim drëtten Ulaf kee President wielen

Déif politesch Grief

A Portugal konnt d‘Parlament och beim drëtten Ulaf kee President wielen

Bei enger weiderer Sëtzung hënt zu Lissabon, fir dat neit Parlament ze konstituéieren, gouf déi néideg absolut Majoritéit vun 116 Stëmmen nees net erreecht.

auto_stories

1 min

© Unsplash / daniela_curly
(Foto: Unsplash / daniela_curly)

Haut kommen d‘Deputéiert nees zesumme fir e weidere Versuch. D‘Oneenegkeet illustréiert déi déif politesch Grief a Portugal. Bei de virgezunne Parlamentswale gouf déi konservativ Allianz vum neie Premier Montenegro zwar stäerkste Kraaft, mee si krut keng absolut Majoritéit a stellt elo eng Minoritéistregierung.