Ongeféier d’Hallschent vun alle Fraen hu wärend hirer Reegel staark Péng a Krankheetssymptomer. Enger Ëmfro vum Meenungsinstitut Ifop no gi 65 Prozent un, datt si dowéinst schonn eemol Problemer haten hirer Aarbecht nozegoen. Fir si ze entlaaschte proposéiert de grénge Politiker Sébastien Peytavie e Congé menstruel.
D'Aarbechtsplaz un d'Besoinen upassen
De Gesetzesprojet adresséiert sech un all Persoun mat enger Reegel a gesäit vir, datt een op Basis vun engem Attest vum Dokter pro Joer 13 Deeg Congé maladie kéint kréien, wann d’Symptomer immens staark sinn. Dëst ass zum Beispill de Fall bei Persounen, déi un enger Endometriose leiden, also enger chronescher Ënnerleifserkrankung, déi dacks staark Péng wärend der Menstruatioun ausléist.
De Congé ass awer just ee Volet vum Projet. Och sollen déi betraffe Persoune weider entlaascht ginn, seet de Sébastien Peytavie.
"Donc de pouvoir adapter le lieu de travail - soit un aménagement d’horaires, soit d’avoir une salle de repos - fin - tout ce qui peut permettre de mieux prendre en compte la santé menstruelle gynécologique."
Méi Teletravail an e medizinesche Suivi
Och ass virgesinn, datt déi Betraffe wa méiglech méi Teletravail kënne maachen.
"Tous les métiers ne sont pas télétravaillable et ensuite, certaines personnes sont tellement douloureuses que même le télétravail ne peut pas se faire."
Fir d’Soziologin Aline Boeuf misst de Congé menstruel awer och Ustouss si fir e medezinesche Suivi. Ze wéineg betraffe Persoune géinge sech Hëllef sichen.
"Si on dit 'oui, c’est un congé menstruel' mais qu’on ne fait pas tout le suivi d’éducation et sensibilisation derrière, il y a un risque qu’il n y ait pas d’effets vraiment positifs autour de ça."
Kritiker warne virun Abusen
D’Kritiker vum Congé menstruel warnen, datt dëse kéint abuséiert ginn. De Gesondheetsminister huet esouguer gewarnt, e kéint d’Diskriminatioun um Aarbechtsmaart nach verschäerfen. D’Aline Boeuf widdersprécht deem awer.
"Les acquis sociaux, on va pas empêcher à avancer et empêcher de protéger les gens au risque de discrimination, on va condamner ces discriminations."
D’Soziologin gesäit ëmmer nach eng grouss Banaliséierung an e groussen Tabu beim Theema Menstruatioun, besonnesch op der Aarbechtsplaz.
"Parce que ça continue à être perçu comme un projet d’ordre privé, qui devrait être reglé par les femmes et aussi il y a souvent cette idée que c’est gérable avec des anti-douleurs."
A verschiddenen Entreprisen an Uertschaften uechtert Frankräich gëtt et schonn e Congé menstruel. Déi positiv Experienzen hei - do si sech d’Aline Boeuf an de Sébastien Peytavie eens - wiere Beweis dofir, datt een dëse Congé och landeswäit brauch.
Wéi et elo mam Projet weidergeet, ass nach net ganz kloer. E kéint awer als Proposition de loi transpartisanne vum lénks-grénge Bündnis NUPES nees de Wee an d’Assemblée fannen.
Max Tholl (Paräis)