Radioen

On air

9 bis 1  |  Courtney Barnett, Kurt Vile - Over Everything

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ass eng kathoulesch Kierch ouni Caritas nach eng chrëschtlech Gemeinschaft?

Fräie Mikro

Ass eng kathoulesch Kierch ouni Caritas nach eng chrëschtlech Gemeinschaft?

De Michel Pauly, Historiker a Mataarbechter vun der Zäitschrëft "forum" bedauert, datt mat der Caritas eng gesellschaftskritesch Stëmm verluer geet a freet sech, ob eng kathoulesch Kierch ouni Caritas nach eng chrëschtlech Gemeinschaft ass.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Archiv

Am 19. a fréien 20. Joerhonnert, wou d’Schmelzen op Héichtoure komm sinn, hunn d’Patronen ugefaang sech Suergen ze maachen ëm d’Gesondheet vun hiren Aarbechter. D’Famill Metz huet zu Esch, zu Eech an zu Diddeleng Spideeler baue gelooss an zu Dummeldeng eng Schoul opgemaach. D’Aline de Saint-Hubert huet sech ënnert anerem an där nei gegrënnter Croix-Rouge engagéiert, wärend hire Mann, den Emile Mayrisch, eng Krankekeess fir d’ARBED-Aarbechter geschaf huet. Nom Krich huet dem ARBED-Direkter Félix Chomé seng Wittfra eng Fondatioun gegrënnt, fir Logementer fir eeler Leit aus klenge Verhältnesser ze schafen. Mä all déi Initiativen hunn d’Ursaache vu Krankheeten, Aarmut a Misär, déi duerch schlecht Aarbechtskonditiounen entstan sinn, net aus der Welt geschaf. Déi selwecht Schmelzhären hu souguer d’Gendarmerie zu Hëllef geruff, wéi d’Aarbechter 1917 a 1921 gestreikt hunn.

E chrëschtleche Message

Haut sinn et net méi d’Stolbaronen, déi sech e soziale Mäntelchen undinn, mee d’Finanzhären. Si hunn op Uerder vum Premierminister d’Caritas liquidéiert an en neie Veräi gegrënnt, fir deenen Äermsten ze hëllefen. Si an déi riets-liberal Regierung maachen, wéi wann déi kathoulesch Caritas net d’Affer vun enger krimineller Dot gi wier, mee den Déif, dee misst bestrooft ginn.

Bei allem Respekt fir hiren Asaz zu Gonschte vu Flüchtlingen a soss benodeelegte Leit, wäerten och si de Wirtschaftssystem, deen dee Misär provozéiert, net änneren oder nëmmen a Fro stellen. Grad deen Deel vun der aler Caritas, deen opgrond vum chrëschtleche Message Kritik un onser Gesellschaft geüübt huet – wat eng Croix Rouge zum Beispill ni mécht – soll nämlech net an deen neie Veräin “Hëllef um Terrain” iwwerholl ginn. Ofgesi vun den internationale Projete sinn déi Mataarbechter déi eenzeg, déi sollen entlooss ginn. Deem neie Veräi geet et also just drëm, Plooschteren op d’Wonnen ze pechen, a net d’Blessure vu vireran ze verhënneren.

De Poopst zu Lëtzebuerg

Haut aacht Deeg kënnt de Poopst Franziskus op Lëtzebuerg. No senger Wal goung seng éischt Rees op Lampedusa bei d’Flüchtlingen. Och deen nei kreéierte Kardinol Hollerich, huet een ugangs op déi griichesch Insele geschéckt, fir do de Flüchtlingen, der Kierch hir Solidaritéit auszedrécken an ze kucken, wéi ee kënnt hëllefen. De Franziskus gëtt es net midd, dee materialisteschen Egoismus, deen eist kapitalistescht Wirtschaftssystem undreift, ëmmer nees a Fro ze stellen, well et a sengen Aen d’Ursaach ass vun der ongerechter Verdeelung vum Räichtum, bei eis wéi tëscht Länner a Kontinenter, awer och d’Ursaach ass vun der Klimakris an dem Verschwanne vun der Biodiversitéit. Et muss ee bieden, datt hien der Kierch zu Lëtzebuerg a besonnesch hirer Hierarchie nächsten Donneschdeg de Kapp wäscht, datt si endlech aus hirer “Schockstarre” no der Caritas-Affär erwächt an sech bewosst gëtt, datt u Christus gleewen net heescht, all Sonndeg e bestëmmte liturgesche Kult ze feieren, mee fir d’Mënschen do ze sinn. Eng Kierch huet och eng prophetesch Missioun. Eng Kierch ouni Caritas ass keng chrëschtlech Gemeinschaft.

Lauschterenplay_arrow

_______________________________________________________________________________________________________________

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.