Geschriwwe vum Luca Di Santolo
An zwar net just iergendeng Heck, mee eng “Haie Gourmande”, also eng, un där een da spéider schneeke ka kommen.
D'Kanner kënne vun deem profitéieren, wat si selwer gemaach hunn
Déi kleng Hobbygäertner, mat Gummisstiwwel a Schëpp ekipéiert, hëllefen d’Sträicher anzeplanzen. Si léieren hei ganz praktesch, wéi een an engem Gaart schafft a wat dat fir en Notzen huet, wéi de Claude Peters vum Departement “activités-nature” vun der Stad Lëtzebuerg erzielt.
"Dat heescht, si maachen d'Lächer selwer, setzen déi Planzen duerno och an an et geet drëms, datt si dann och an Zukunft gesinn, wat hei wiisst.“
An der Paus oder no der Schoul kënnen d‘Kanner da vun deem profitéieren, wat si selwer mat ugebaut hunn.
Villäicht kënnen d’Kanner am Summer schonn Hammbieren, verschidden Zorte Kréischelen, Fielsbier (Felsenbirne/amélanchier) sammelen a schmaachen.
An natierlech sinn d’Schüler:innen houfreg op hir geleeschten Aarbecht an hunn hir Zäit am Fräie genoss.
Änlech Projete ginn et schonn zënter engem Joer
Op dësem Terrain, net wäit vun der Kierch zu Hamm, gëtt schonn zënter leschtem Joer u Projete fir d’Fërderung vum Bësch an der Biodiversitéit an der Stad Lëtzebuerg geschafft. Hei fënnt een zum Beispill e Bongert vu Lëtzebuerger Kiischtebeem an eng Allee vu Käschten, mee och e Liewenstuerm, wou verschidden Déiere sech aquartéiere kennen.
Am Sënn vun der Biodiversitéit an der Klimaresilienz gëtt och eng Landwirtschaftsapproche aus Südeuropa benotzt, bei där a reegelméissegen Ofstänn Bamreien op Felder geplanzt ginn, de sougenannten Agroforst. Den Thierry Kozlik vum Service Forêts erkläert, datt doduerch um Feld zousätzleche Schiet entsteet, vun deem och d‘Bauere profitéieren.
Bei guddem Wieder wäerten och Bänken erausgestallt ginn, fir datt d’Leit hei raschte kënnen an natierlech wäerten och d’Schoulkanner reegelméisseg bis laanscht kommen, fir no de Planzen ze kucken.