search

/ 88 Kilo Kokain um Findel saiséiert: 4 Persoune festgeholl

Parquet mellt

|
reading time

1 min

88 Kilo Kokain um Findel saiséiert: 4 Persoune festgeholl

Am Cargo Center um Findel goufe bal 88 Kilo Kokain mat engem geschate Maartwäert vun iwwer 4 Milliounen Euro saiséiert. 4 Persoune goufen a Frankräich festgeholl.

reading time

1 min

Kokain | © picture alliance/dpa | Oliver Berg
Kokain (Foto: picture alliance/dpa | Oliver Berg)

Dräi vun dëse Persoune koumen an Untersuchungshaft. Dat mellt de Parquet. Et war eng franséisch-lëtzebuergesch Kooperatioun vu Police a Justiz, déi géint en organiséierten Drogereseau enquêtéiert hunn. D‘Enquête soll de Parquet vu Paräis iwwerhuelen.