Radioen

On air

Notturno  |  Cyclorama - The Walls Have Ears

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ déi gréng verléiere staark, blo-rout-gréng Koalitioun a Fro gestallt

Chamberwalen 2023

déi gréng verléiere staark, blo-rout-gréng Koalitioun a Fro gestallt

Nodeems ee groussen Deel vun de Walbüroen komplett ausgezielt sinn, bleift den Trend konstant: déi gréng verléieren d'Hallschent vun hire Stëmmen. Domat ass déi blo-rout-gréng Koalitioun a Fro gestallt. Déi probabelst Koalitioun ass am Moment eng CSV-DP-Koalitioun.

auto_stories

1 min

Positiv bleift den Trend fir déi zwou aner Regierungsparteien LSAP an DP, déi allebéid liicht u Stëmme gewannen. 

Bei den Oppositiounsparteie sinn d'CSV, d'ADR an d'Piraten an engem positiven Trend. déi Lénk géifen als eenzeg Oppositiounspartei dem aktuelle Stand no u Stëmme verléieren, och den zweete Sëtz vun de Lénke wackelt.