Radioen

On air

Simon Says  |  Dillon, Phyliss - Don't Stay Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 80. Gebuertsdag

NEI MUSEK

80. Gebuertsdag

Fir dem Peter Eötvös seng 80 Joer ze feieren huet den Orchestre Philahrmonie de Radio France e Concert, exclusiv mat Musek vum ungaresche Komponist gespillt.

auto_stories

1 min

Portrait vum Peter Eötvös | © Szilvia Csibi
Peter Eötvös (Photo: Szilvia Csibi)

Fir den 80. Gebuertsdag vum ungaresche Komponist Peter Eötvös hat den Orchestre Philharmonique de Radio France e grousse Concert geplangt, un dem den Eötvös awer net deelhuele konnt, well hie scho krank war. Zwee Méint drop, am Mäerz dëst Joer, ass hie gestuerwen. An esou war dee Concert e leschte groussen Hommage un dëse Komponist, mat zwee Chouerwierker, Treize Haikus an Hallelujah Oratorium Balbulum, an dem Concerto fir Harf an Orchester mam Xavier de Maistre.

Dëse Concert ass den 18.01.2024 am Auditorium, Radio France zu Paräis opgeholl ginn a gëtt Iech presentéiert vum Remy Franck. Dir kënnt de Concert bis den 2. Juli an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.

Um Programm:

Peter Eötvös:
13 Haïkus
Solitude - In memoriam Kodály
Concerto fir Harf an Orchester
Hallelujah - Oratorium balbulum

 

Interpreten:

Xavier de Maistre, Harf
Lambert Wilson, Erzieler     
Katharina Kammerloher, Mezzosopran    
Artavazd Sargsyan, Tenor
Hélène Collerette, Gei
Maîtrise de Radio France, Sofi Jeannin (Dirigent)
Chœur de Radio France, Lionel Sow (Dirigent)
Orchestre Philharmonique de Radio France, Gergely Madaras (Dirigent)