Radioen

On air

Resonanzen  |  Friedrich Burgmüller - Dräi Nocturnen, I. Andantino - Duo Marcanto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Pionéier vum Jazz zu Lëtzebuerg, Zocker a Kuelenhydrater, zwee Magasinner an en neien Direkter, "Les Misérables" mat Musek vum Claude-Michel Schönberg an Texter vum Alain Boublil

E Pionéier vum Jazz zu Lëtzebuerg, Zocker a Kuelenhydrater, zwee Magasinner an en neien Direkter, "Les Misérables" mat Musek vum Claude-Michel Schönberg an Texter vum Alain Boublil

E Pionéier vum Jazz zu Lëtzebuerg, Zocker a Kuelenhydrater, zwee Magasinner an en neien Direkter, "Les Misérables" mat Musek vum Claude-Michel Schönberg an Texter vum Alain Boublil

Zwee Magasinner an en neien Direkter

Zwee Magasinner gi virgestallt, déi den RBS erausbréngt: Aktiv am Liewen an de Bulletin vum RBS fir Professioneller. Rieds geet och iwwer de perséinleche Beruffschoix vum Direkter vum RBS Alain Brever, dee matten an der Corona-Krisenzäit am RBS seng nei Charge iwwerholl huet.

An Zesummenaarbecht mam Service RBS Center fir Altersfroe proposéiere mer Iech all Woch an dëser Emissioun intressante Sujeten an Theemen, déi sech ganz besonnesch och u méi eeler Leit adresséieren.

Lauschtert hei

Mat vill Léift ënner der Bréck

Verléifter fir sech eleng ënner der Bréck, vill Léift am Mëttelpunkt vun deem Titel, deen de Georges Urwald am Kader vun der Rubrik Grammophon proposéiert, mat der Juliette Nürenberg an dem Titel "Ënnert der Neier Bréck".

Lauschtert hei

Déi verschidden Zorte vu Kuelenhydrater oder Zockeren

Firwat schmaache verschidden Zockere séiss an anerer net?

Ënner Kuelenhydrater oder Glucidë versteet een all Formen vun Zockeren, déi an eise Liewensmëttel ze fanne sinn. D'Kuelenhydrater sinn och déi Haaptenergiequell fir eise Kierper, a wéi mir scho gesinn hunn, hu si all en Afloss op de Bluttzocker, awer hir Wierkung ass net ëmmer déi selwecht.

Lauschtert hei

E Pionéier vun der Jazz Beweegung zu Lëtzebuerg

De Marc Weber ass ee vun deenen, déi den Jazz hei zu Lëtzebuerg grouss erausbruecht hunn, an hie war och deen éischte President vum Jazz Club Luxembourg. Am Gespréich mam Jean Portante fir d'Emissioun Visitekaart aus eisem Archiv huet de Marc Weber ënner anerem verzielt, vu wou den Jazz an de Blues eigentlech hierkommen?

Lauschtert hei

"Les Misérables"

Mat Musek vum Claude-Michel Schönberg an Texter vum Alain Boublil.

Dem Claude-Michel Schönberg säi Musical "Les Misérables", nom Buch vum Victor Hugo, ass dee Musical, deen an der Geschicht am meeschte Succès huet. D'Lidder si quasi all bekannt. Mee dat war am Ufank guer net virauszegesinn.