arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 75 Joer Genfer Flüchtlingskonventioun

Fräie Mikro

|
reading time

3 min

75 Joer Genfer Flüchtlingskonventioun

Déi international Communautéit feiert deemnächst de 75. Anniversaire vun der Genfer Flüchtlingskonventioun. Gläichzäiteg bedreet d'EU mat hirem neien Asyl- a Migratiounspakt zentral Protektiounsmechanismen vun där Konventioun. E Grond fir den Historiker Denis Scuto un dëse Meilesteen ze erënneren.

reading time

3 min

Denis Scuto | © Radio 100,7
Denis Scuto (Foto: Radio 100,7)

Den 28. Juli 1951 ass e wichtegen Datum an der Mënschheetsgeschicht. Op deem Dag gouf zu Genf d'Flüchtlingskonventioun ënnerschriwwen, méi genee d'"Ofkommes iwwer d'Rechtsstellung vun de Flüchtlingen".

Nom Krich: D'Asylkris um Héichpunkt

D'Atrocitéiten, déi vum Hitler-Regimm verübt goufen, den Holocaust, an d'Bouleversementer vum Zweete Weltkrich - 50 Millioune Mënsche waren op der Flucht a goufen zu sougenannten "Displaced Persons" (DPs) - haten d'Asylkris op en Héichpunkt bruecht.

Fir se ze léisen huet déi universell Mënscherechtsdeklaratioun vun 1948 am Artikel 14 festgehalen: "All Mënsch huet d'Recht, wann e verfollegt gëtt, fir Asyl an anere Länner ze sichen an ze kréien."

Dëst Recht gouf duerch d'Genfer Konventioun juristesch verbindlech gemaach. Ieweschte Grondsaz ass dee vum Net-Refoulement.

En neit Liewe kënnen ufänken

Schonns an den 30er Joren haten déi demokratesch Staaten dëse Prinzip akzeptéiert fir déi Flüchtlinge virum Nazi-Regimm, déi op hirem nationalen Territoire Asyl kruten. D'Genfer Konventioun huet dee Prinzip ausgeweit op déi Flüchtlingen, déi sech op der Grenz presentéieren.

Och si dierfen net zeréckgeschéckt ginn an dat Land, wat si verfollegt. D'Staate sollten doriwwer eraus d'Flüchtlinge vun hirer selektiver Immigratiounspolitik befreien, fir hinnen ze erméiglechen, am Asylstaat en neit Liewen unzefänken.

De Paradox vun der Genfer Konventioun

Dës generéis Prinzippie goufen awer relativéiert duerch dat, wat als Paradox vun der Genfer Konventioun betitelt gëtt.

D'Recht op Asyl konnt nëmme Realitéit ginn, wann een Nationalstaat bereet war, Asyl ze ginn. D'Decisioun e Flüchtlingsstatut ze gi blouf beim Nationalstaat, net bei den internationalen Organisatiounen, déi sech ëm d'Flüchtlinge këmmeren.

De Lëtzebuerger Ausseminister Joseph Bech hat dat scho beim Chamberdebat zur Ratifizéierung 1952 ervirgehuewen:

"La convention concerne non pas l'admission des réfugiés sur notre territoire, mais plutôt le statut de ceux qui ont été admis et qui seront admis à l'avenir sur notre territoire. Le contrôle de l'Etat sur l'admission reste entier. Les autorités pourront donc à tout moment agir selon les possibilités et l'intérêt du pays."

Déi positiv Entwécklungen ...

Dëst fundamentaalt Mënscherecht op Asyl an seng Konventioun hunn dono positiv an negativ Entwécklunge matgemaach. Positiv ass, datt dësen op Europa zentréierten an an d'Vergaangenheet geriichten Text universaliséiert an zäitlech ausgeweit gouf.

Positiv ass den Afloss vun Institutioune wéi dem Europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff, déi eng Ausweidung op Krichsflüchtlingen, mee och op verschidde sozial Gruppen erméiglecht hunn.

Positiv ass, datt administrativ Recoursméiglechkeeten agefouert goufen. D'Hiewe vun der Asylpolitik op EU-Niveau huet weider Protektiounsmechanisme méiglech gemaach, vun deenen 2022 déi ukrainesch Flüchtlinge konnte profitéieren.

... an déi negativ

Negativ ass, datt Nationalstaaten, mee och d'EU an hirer Festung Europa Strategie-Mechanismen entwéckelt hunn, fir d'Genfer Konventioun de facto auszehiewelen.

D'Dublin-Ofkommes an d'EU-Externaliséierungspolitik hunn déi staatlech Grenzen an Drëttstaate verréckelt. D'Affer gi mëttlerweil am Kader vun nationale bürokratesche Beweisexigenze vun der Persecutioun, als Täter oder Verdächteger ugesinn.

D'Grenz-Asylprozedur, déi op Fluchhäfe limitéiert war, gëtt mam Asylpakt vun 2026 zur Standardprozedur un den EU-Aussegrenzen.

Vun elo u gëtt also Staatsgewalt legaliséiert, a Form vu bis zu 30 Méint 'Abschiebehaft' a vu sougenannte Réckféierungszentren vu Flüchtlingen, déi iwwer Land oder iwwer Mier an d'EU kommen.

An da wonnere mir eis wa Rietsextreemer am EU-Parlament "Send them back!" grölen ...

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.