Radioen

On air

Vue sur mer  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 7 Millioune Liter Béier a "just" 706 Delikter: De Bilan vum Oktoberfest

Däitschland

7 Millioune Liter Béier a "just" 706 Delikter: De Bilan vum Oktoberfest

An der bayrescher Landeshaaptstad München ass gëschter um Sonndeg déi 189. Editioun vum Oktoberfest op en Enn gaangen. 6,7 Millioune Léit waren dëst Joer um gréisste Volleksfest vun der Welt. Dat ass zwar kee Visiteursrekord, well besonnesch an der zweeter Hallschent vum Fest huet d’Wieder net matgespillt. Trotzdeem goufen um Oktoberfest ronn 7 Millioune Liter Béier gedronk. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance/dpa | Felix Hörhager play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Felix Hörhager

Matthias Kirsch (München)

“Auf eine friedliche Wiesn!”, heescht et ëmmer um Ufank vum Oktoberfest. Op deem Plang gëtt et no 16 Deeg Gefeiers hei zu München, jee no Interpretatioun, positiv Nouvellen: Et wier “just” zu 706 Delikter komm, huet d’Münchener Police gëschter um leschten Dag vum gréisste Volleksfest vun der Welt matgedeelt. Dat ass bal e Véierel manner wéi am Joer virdrun. Insgesamt hat d’Police méi wéi 1.700 Asätz. De Gros vun de Strofdote ware Kierperverletzung. Souvill zum Theema “friddlech”.

Am Virfeld vum Oktoberfest hat d’Stad München hiert Sécherheetskonzept verschäerft. Ausléiser dofir war d’Attentat zu Solingen, wou op engem Volleksfest dräi Persounen ëm d’Liewe komm waren. D’Konzept hätt funktionéiert, sot de Wiesn-Chef Clemens Baumgärtner vun der CSU.

Een Drëttel vun de medezineschen Interventioune wéinst Alkoholvergëftungen

Och bei de medezineschen Asätz ass d’Zuel zeréckgaangen. Eppes méi wéi 5.300 Persounen hätte misse medezinesch versuergt ginn, huet déi zoustänneg Ambulanz matgedeelt. Dat wier e Réckgang vu bal 30 Prozent am Verglach zu leschtem Joer an. Déi nidderegst Zuel zënter 2018. A bal engem Drëttel vun de Fäll hätten d’Secouriste wéinst Alkoholvergëftunge missen agräifen.

Dat ass wéineg verwonnerlech: Ronn 7 Millioune Liter Béier sinn iwwert déi 16 Deeg um Oktoberfest verkaf ginn, obwuel déi klassesch Maß Béier sou deier war wéi nach ni virdrun: A verschiddene vun de grousse Festzelter huet de Liter Béier méi wéi 15 Euro kascht.

Lauschterenplay_arrow