Radioen

On air

Notturno  |  Nea Lone - Hey Boy

play_arrow Live
search

/ 7.000 Le Pen-Supporter koumen zu Paräis zesummen

RN-Leaderin schwätzt weider vun enger "Hexejuegd"

7.000 Le Pen-Supporter koumen zu Paräis zesummen

Eng knapp Woch nom Urteel géint d’Marine Le Pen koumen hir Ënnerstëtzer gëschter um Sonndeg zu Paräis fir eng Manifestatioun géint d'Urteel zesummen. D'Leaderin vum rietsextreemen RN huet nees vun enger Hexejuegd géint hir Partei geschwat. Zäitgläich gouf et awer och eng Géigendemonstratioun vun der Lénkspartei an den Ekologisten. 

auto_stories

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Adnan Farzat
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Adnan Farzat)

Der Police no koumen eng 7.000 Léit gëschter um Sonndeg op d'Paräisser Place Vauban fir der Marine Le Pen hir Ënnerstëtzung ze weisen a géint d'Urteel vum leschte Méindeg ze protestéieren. D'RN-Leaderin war wéinst Verontreiung vun ëffentleche Suen ënner anerem zu enger Spär verurteelt ginn, déi et hir verbitt sech bei der nächster Presidentielle opzestellen.

D'Le Pen selwer war gëschter och do an huet nach eemol betount, datt d'Urteel géint si eng politesch Decisioun wier, mam Zil, hir Victoire bei der Wal ze verhënneren. Si an hir Partei wieren Affer vun enger Hexejuegd, esou d'Le Pen. 

Bompard an Attal: De Rechtsstaat verteidegen

E puer Kilometer weider op der Place de la République hat d'Lénkspartei La France Insoumise zesumme mat den Ekologisten eng Géigemanif organiséiert, un där sech der Police no eng 5.000 Léit bedeelegt hunn. De Chef vun der Lénkspartei, de Manuel Bompard, sot, et wier eng éischt Etapp. Et géing een och an den nächste Wochen op d'Stroosse goen, fir géint d'Rietsextremisten a fir de Rechtsstaat ze protestéieren. 

Och d'Regierungspartei Renaissance huet sech zu Wuert gemellt. De Parteichef a fréiere Premier Gabriel Attal sot gëschter op engem Meeting zu Saint-Denis, datt een de Rechtsstaat misst verteidegen. Amplaz d'Urteel ze jugéieren, sollt een d'Fakten unerkennen. Wie géing klauen, esou den Attal, misst och dofir bestrooft ginn.