eSAF-Kerosin gëtt aus erneierbarem Waasserstoff an nohaltegem Kuelestoff produzéiert a kann d’Zäregasemissiounen an der Aviatioun substanziell reduzéieren. De Kerosin kéint virun allem op Laangstreckevollen agesat ginn.
Bis zu 60 Millioune vu Lëtzebuerger Säit
Déi sougenannt ”eSAF Early Movers’ Coalition” géif e Schrëtt a Richtung Entwécklung a Produktioun vun nohaltegem Kerosin fir Fligeren duerstellen, huet et an engem gemeinsame Communiqué geheescht. D’Quantitéiten un eSAF-Kerosin géifen de Parte vum finanziellen Apport tëschent Däitschland, Éisträich a Lëtzebuerg no opgedeelt ginn. Däitschland wëllt fir dee Projet bis zu zwou Milliarden Euro bereet stellen, Éisträich a Lëtzebuerg jeeweils bis zu 60 Milliounen.
D’DP-Mobilitéitsministesch Yuriko Backes seet am Schreiwes, déi dräi Länner wéilten zesummen "eng klimaschounend Aviatioun" virubréngen. De Grand-Duché géif domat eng aktiv Roll iwwerhuelen fir ee sécheren, nohaltegen a kompetitiven Aviatiounssecteur op d'Been ze stellen.
Fir déi industriell Produktioun vun esou Kerosin brauch et zolidd Investitiounen.
Diskrepanz tëschent Offer an Demande
D’Produzente sinn op méi laang Verträg, fir Kerosin ofgeholl ze kréien, ugewisen, wougéint d’Clienten éischter méi kuerz Verträg, fir Kerosin ze kafen, virzéien. Dowéinst stellt d’Konstruktioun vun neie Produktiounsanlage Problemer duer.
Do setzt déi däitsch-éisträichesch-lëtzebuergesch Iddi un. Et wëllt een Offer an Demande méi no beienee bréngen. En Intermediaire gläicht nämlech d’Differenz tëschent den Offer- an Demandepräisser mat deene staatleche Mëttelen aus.
D’Objektiv ass et, fir nei eSAF-Produktiounsanlagen ze erméiglechen an e Marché fir de Kaf vu Kerosin opzebauen. De Projet muss nach gréng Luucht kréie vun der EU-Kommissioun.